Beweegung wier extremistesch
Russesch Regierung wëll LGBT-Mouvement verbidden

© AFP
D'Regierung huet eng entspriechend Klo beim ieweschte Geriichtshaff entaméiert.
Déi russesch Regierung huet wëlles, d'LGBT-Mouvement ze verbidden. D'Beweegung wier extremistesch, esou d'Argumentatioun vu Moskau. Dowéinst sollen all hir Aktivitéite verbuede ginn.
Zanter dem Ufank vun der russescher Offensiv an der Ukrain am Februar zejoert ginn d'Autoritéiten a Russland nach méi streng géint lesbesch, schwul, bisexuell, transgender oder queer Mënsche vir, wéi virdru schonn. Offiziell fir d'Kanner ze schützen.
Am meeschte gelies