No engem schwéieren Äerdbiewen am Süde vun de Philippinnen si bis ewell siwe Mënsche gestuerwen.

D'Biewen hat eng Stäerkt vu 6,7 an hat den Daach vun engem Akafszentrum an der Regioun Mindanao zum Astierze bruecht. Donieft gouf et vill Stroumausfäll a gréisser Panik bei de Mënschen. Stécker vum Daach vum Akafszentrum, déi erofgefall sinn, hunn, hunn eng Fra erschloen.

Do virdrun hat d'Police gemellt, eng Fra an e Mann wieren net wäit ewech vun enger Holzfabrick an der Géigend vun der Stad General Santos ënnert enger Mauer begruewe ginn.

E weidere Mënsch ass gestuerwen, wéi eng Stolkonstruktioun an der Provënz Sarangani an e Koup gefall ass. An der Nopeschprovënz Davao Occidental gouf e Mann vun engem grousse Steen erschloen.