Keen anert Land ass besser op Vulkanausbréch preparéiert wéi Island

E Lach an enger Haaptstrooss zu Grindavik wéinst de Biewen. / © AFP/Kjartan TORBJOERNSSON
Mat Bléck op e méiglechen Ausbroch betount d'islännesch Premierministesch, datt kee Land besser op Vulkaner an Naturkatastrophe preparéiert ass wéi Island.
Schonn den 11. November goufen déi ronn 4.000 Awunner vu Grindavik, engem Fëscherhafe ronn 40 Kilometer vu Reykjavik ewech, evakuéiert. Dat nodeems d'Verréckele vu Magma ënnert der Äerd Honnerte vun Äerdbiewen ausgeléist huet - eng Warnung virun engem méigleche Vulkanausbroch.
Zanterhier hätt et Dausende kleng Biewen am d'Gebitt laanscht d'Hallefinsel Reykjanes ginn, woubäi och eng Rei Haiser an aner Gebaier beschiedegt goufen. D'Premierministesch Katrin Jakobsdottir betount awer, datt "kee Land besser op Naturkatastrophe virbereet ass ewéi Island".
"Mir hu laang Erfarung am Ëmgang mat Vulkanausbréch. Mir wëssen, datt et net onbedéngt eng gutt Decisioun ass, zum Beispill Verdeedegungsanlagen ze bauen, wann d'Onsécherheet, datt et zu engem Ausbroch komme kann, esou grouss ass", sot d'Jakobsdottir.
Bis 2021 gouf et 8 Joerhonnerte laang keen Ausbroch méi op der Hallefinsel Reykjanes. Zanterhier gouf et dräi Ausbréch an ofgeleeënen an onbewunnte Gebidder. Vulkanologe ginn dovun aus, datt dëst den Ufank vun enger neier Ära vun der Aktivitéit an der Regioun si kéint. Doduerch kéint et sinn, datt d'Awunner eventuell net esou séier zréck an hir Haiser kéinten.
"Eis Haaptprioritéit ass et, dës Mënschen opzehuelen, sécherzestellen, datt si eng anstänneg Pai kréien an e Logement fir déi nächst Wochen oder Méint ze fannen", huet d'islännesch Premierministesch betount.