Washington no steet ee kuerz virun der Fräiloossung vu ville Geiselen an der Gazasträif.

Aktuell wier een engem Accord méi no, "wéi mir et vläicht je waren, zanterdeem dës Verhandlunge viru Wochen ugefaangen hunn", sot de stellvertriedenden Nationale Sécherheetsberoder vun den USA, den Jon Finer, op der US-Televisioun.

"Et gi Beräicher, an deenen d'Meenungsverschiddenheete reduzéiert, wann net souguer ganz aus dem Wee geraumt goufen." Trotzdeem huet de Finer däitlech gemaach, datt een nach net um Zil wier: "Et gëtt aktuell keng Eenegung, mir wäerten an den nächste Stonnen an Deeg intensiv weider verhandelen."

No der Meldung vun der Washington Post hat e Sonndeg de Mëtteg och d'Wäisst Haus confirméiert, datt d'Verhandlungen iwwer eng Wafferou an enger sensibeler Phas wieren. De kataresche Ministerpresident Al-Thani huet schonn e Sonndeg de Moien op enger Pressekonferenz mam EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell gesot, et géife just nach minimal Obstakele feelen, dorënner logistesch a praktesch Froen. D'Wäisst Haus relativéiert dat elo a seet, et géing wichteg Fortschrëtter ginn, ma et wier verfréit ze soen, dass et och wierklech zu engem Deal kéim.

D'Washington Post hat schonn an der Nuecht op e Sonndeg gemellt, datt Israel an d'Hamas kuerz virdru wieren, sech iwwert eng Wafferou eens ze ginn. D'US-amerikanesch Dageszeitung hat sech op Aussoe vu Persoune beruff, déi d'Konditioune vun deem potentiellen Deal kennen. Eng Spriecherin vum Nationalen US-Sécherheetsrot sot no der Publikatioun vum Artikel, et hätt een nach keen Deal, mee et géing een haart dru schaffen. Der Post no géing en ënnert der Mediatioun vun den USA verhandelt Ofkommes eng Waffepaus vun op d'mannst 5 Deeg virgesinn, an där Dosende Fraen a Kanner fräigelooss kéinte ginn, déi den Ament vun der Hamas a Gaza als Geisel gehale ginn. Gläichzäiteg soll an där Zäit bedeitend méi humanitär Hëllef nees vun Ägypten aus an d'Gazasträif erakommen. Wann elo näischt méi schifgeet, kéint den Deal schonn an den nächsten Deeg stoen, esou d'Washington Post.