De Rietspopulist Javier Milei huet d’Walen an Argentinien gewonnen a gëtt also neie President.

Hien huet sech e Sonndeg am Ballotage mat iwwer 55% géint de Regierungskandidat Sergio Massa duerchgesat.

Am Mëttelpunkt vum Walkampf stoung déi wirtschaftlech Kris an Argentinien. Den Inflatiounstaux läit bei iwwer 140 Prozent. Eng 40% vun de Mënsche liewen am fréier mol räiche Land ënnert der Aarmutsgrenz. De Milei hat versprach, den US-Dollar als offiziell Wärung anzeféieren, d’Zentralbank ofzeschafen an ëffentlech Depensen ze kierzen, fir de Budget ze sanéieren.

Parallel soll et awer och Steier-Erliichterungen ginn a sozial Mesuren.