Den extreme Konsum vun de Räichen a Superräichen géif d'Äerderwiermung scho bal "obszön" beschleunegen.

Dat weisen nei Date vun der Entwécklungsorganisatioun Oxfam.

De räichste Prozent vun der Welt huet 2019 sou vill klimaschiedlech Zäregasen provozéiert wéi 5 Milliarde Mënschen, déi déi méi aarm 2/3 ausmaachen.

An Däitschland verbrauchen déi Räich 15 Mol méi CO2 wéi déi méi aarm Leit.

De Grond sinn heefeg Reese mam Fliger, méi grouss Haiser a vill méi klimaschiedleche Konsum – mat dacks Luxusvillaen, Megayachten a private Fligeren.

Mam héije Konsum verstäerken déi Räich d’Klimakris, déi mat Hëtztwellen, drechene Perioden an Iwwerschwemmungen d’Liewensgrondlag vu Milliarde Mënsche bedreet.