322 Leit, déi der Ndrangheta sollen ugehéieren, sinn ugeklot.

De Parquet freet iwwer 5.000 Joer Prisong, ënnert anerem wéinst Blanchiment, Drogenhandel, Erpressung a Mord.

D’Nrangheta, déi hir Wuerzelen a Kalabrien huet, soll mëttlerweil an iwwer 40 Länner op der Welt aktiv sinn an hätt quasi e Monopol um europäesche Kokain-Marché.

Am Kader vun de Perquisitiounen am Virfeld vum Prozess war och e presuméierte Verdächtegen hei zu Lëtzebuerg festgeholl ginn, deen awer am Laf vum Prozess entlaascht an nees fräigelooss gouf.