Tierkescht Cargoschëff mat 12 Crew-Memberen ënnergaangen

D'Sich no de Crew-Membere vun der Kafkametler leeft. / © Omer Urer / Anadolou via AFP
Virun der tierkescher Schwaarzmierküst ass e Frachtschëff mat 12 Mënschen u Bord wärend engem Stuerm ënnergaangen. Vun der Crew feelt aktuell all Spuer.
Wéi et vum tierkeschen Inneminister Ali Yerlikaya heescht, géing et bis ewell kee Liewenszeeche vun de Mënsche ginn, déi u Bord vum Schëff waren. "Esoubal sech déi ongënschteg Wiederbedéngunge verbesseren, wäerten d'Sich- a Rettungsmesuren direkt opgeholl ginn."
Schonn am Laf vum Sonndeg hat de Kapitän vun der "Kafkametler" gemellt, datt d'Frachtschëff op e Wellebriecher virun Eregli an der nordwesttierkescher Provënz Zonguldak zoudreiwe géing. De Yerlikaya sot, d'Cargoschëff wier géint d'Wellebriecher gedréckt ginn an ënnergaangen.