32 Doudesaffer bei bluddegen Ausernanersetzungen tëscht Sudan a Südsudan

© AFP
Beim Sträit ëm d'Regioun Abyei ass et e Sonndeg zu weidere bluddege Kämpf mat Doudesaffer a Blesséierte komm. Och en UN-Zaldot wier ënnert den Affer.
Beim Sträit ëm d'Pëtrolsregioun Abyei wiere Kanner a Fraen "an hiren Hütte verbrannt ginn", heescht et vum Informatiounsminister fir d'Regioun Abyei an dem Spriecher vum Südsudan fir d'Regioun. Ënnert den op d'mannst 32 Doudesaffer wier och en Zaldot vun der zoustänneger UN-Friddenstrupp.
Dem Regierungsvertrieder vun Abyei no haten arméiert Milizen an Zaldoten an Uniforme vun der südsudaneesescher Arméi e Sonndeg de Moien zwee Bezierker an der Regioun attackéiert. Déi rezent "barbaresch Ugrëff op Zivilisten" wieren eng Suite vun der déidlecher Gewalt, déi an der leschter Woch ausgebrach ass.
D'südsudaneesesch Regierung fuerdert eng direkt Enquête zu den Attacken.