Wéi d'Police vu Liechtenstein mellt, war et géint 17.55 Auer e Sonndeg zu engem uerge Verkéiersaccident komm.

Wéi et um Internetsite vun der Police heescht a wéi d'Lëtzebuerger Wort schreift, wieren eng 50 bis 60 Futtballfans op enger Landstrooss an Direktioun Vaduz ënnerwee gewiescht. Ee vun hinnen, deen um Schluss vum Grupp getrëppelt war, gouf dobäi vun engem Auto erfaasst.

De Mann wier eng 70 Meter um Capot vum Auto matgeholl an duerno nees erof geschleidert ginn. Wéi d'Police vu Liechtenstein op Nofro hi confirméiert huet, handelt et sech beim Affer ëm e Lëtzebuerger Resident.

De Chauffer vum Auto, bei deem et sech der Police no ëm en donkele Kombi handele kéint, war nom Accident net stoe bliwwen, mä an Direktioun Vaduz weidergefuer.

D'Police vu Liechtenstein sicht an dësem Kontext no Zeien. Wien Informatiounen iwwert den Accident huet, ass gebiede sech op der Telefonsnummer 00423 236 71 11 oder via d'Mailadress info@landespolizei.li ze mellen.

Update: An enger éischter Meldung war Rieds gaangen, dass de Lëtzebuerger Resident schwéier blesséiert gi wier. An Tëschenzäit hunn d'Fans vun de Roude Léiwen aus dem M-Block op Facebook wësse gedoen, dass de Betraffene mat Prellungen dovu komm ass an och nees doheem wier.

FB-Post M-Block