Däitschland
Drastesch Spuermesure wéinst der Budgetskris

De Finanzminister Lindner huet e Stopp vun den Depensen a praktesch alle Ministèren decidéiert.
Depensen, déi schonn accordéiert goufen, kënnen zwar nach gemaach ginn, frësch Sue ginn et awer nëmmen nach mat sengem Feu vert.
Hannergrond ass en Urteel vum Bundesverfassungsgeriicht. Déi däitsch Regierung krut verbuede Corona-Kreditter fir Klimaschutz an d'Moderniséierung vun der Industrie ze notzen.
Do feelen elo 60 Milliarden Euro an d'Bundesregierung muss kucken, dat Lach ze fëllen.
Am meeschte gelies