De "renomméierten amerikanesche Staatsmann" Kissinger ass e Mëttwoch am Alter vun 100 Joer a sengem Haus am US-Bundesstaat Connecticut gestuerwen.

Dat huet seng Firma "Kissinger Associates" an der Nuecht op en Donneschdeg confirméiert.

Nekro vum Henry Kissinger / Reportage Jean-Marc Sturm

Den Heinz Alfred Kissinger gouf 1923 zu Fürth a Franken op d'Welt komm. Wéi hie 15 Joer al war, ass seng jiddesch Famill virun den Nazien an d'USA geflücht.

Dem Henry Kissinger seng Karriär erënnert un d'Virstellung vum "American Dream". No der Basis-Schoul an dem Militärdéngscht goung et op Harvard, wou hien herno och enseignéiert huet. 1969 huet de President Nixon de Kissinger als Sécherheetsberoder an dat wäisst Haus geruff, nächst a bekanntsten Etappe war den US-Ausseministère.

De Kissinger war omnipresent op der internationaler Bün, awer och hannert de Kulissen als Meeschter vun der Geheimdiplomatie. Et war hien, deen de Wee fräi gemaach krut, fir dem President Nixon seng Visitt zu Peking an domadder verbonnen, méi normal Relatiounen tëscht den USA a China, an dat matten am Kale Krich.

A Saache Kale Krich war et schonn deemools d'Fro, wéi fest d'Amerikaner an d'Europäer an der NATO zesummestinn. De Kissinger war ëmmer iwwerzeegt, dass d'Europäer méi Eegeverantwortung, och um finanzielle Plang, fir hir Defense missten iwwerhuelen. De Kale Krich, wéi och déi jiddesch Originne vum Kissinger, waren och den Hannergrond vu senger No-Ost-Diplomatie.

En anere groussen Aktiouns-Terrain war den asiatesche Raum mat virop dem Vietnam Krich. 1973 huet hien zesumme mam nordvietnameesesche Chef-Vermëttler Le Duc Tho de Friddensnobelpräis kritt fir d’Ofkommes vum Waffestëllstand am Vietnamkrich - eng ëmstridden Decisioun. Den Duc Tho, deen nom Retrait vun den US-Truppe massiv Mënscherechtsverletzunge reprochéiert krut, huet de Präis net entgéint geholl, de Kissinger wollt en zeréck ginn. Hie stoung massiv an der Kritik wéinst massive Flächebombardementer am Cambodge ouni Récksiicht op d'Zivilpopulatioun, oder nach seng Roll bei Militärputschen a Süd-, respektiv Mëttelamerika, wéi zum Beispill 1973 am Chile.

Och no sengem honnertste Gebuertsdag war den Henry Kissinger nach politesch aktiv, huet e Buch erausbruecht, war bei Sëtzungen am Wäissen Haus derbäi an huet am Summer nach iwwerraschend de chineesesche President besicht.

Diplomatesche Genie oder Muechtmënsch ouni Skrupel: Egal wat ee vum Mann hält, hie war definitiv ee vun den US-Politiker mam gréissten Afloss weltwäit, och no senger aktiver politescher Karriär.