An der Stad Marawi ass wärend enger kathoulescher Mass an enger Turnhal eng Bomm detonéiert.

Op de Philippinnen sinn bei enger Terrorattack op d'mannst 4 Persounen ëm d'Liewe komm. Eng 50 Persoune wiere verletzt ginn, heescht et vun offizieller Säit.

D'Autoritéite gi vu enger Revanche-Aktioun vun enger islamistescher Gruppéierung aus. E Freideg waren nämlech bei engem Militärasaz 11 Kämpfer vun där Grupp ëmbruecht ginn.