D'Hélène Darras wërft dem 74 Joer alen Acteur vir, si 2007 bei den Dréiaarbechte fir de Film "Disco" sexuell belästegt ze hunn.

Zanter 2020 lafe géint de franséischen Acteur Ermëttlunge wéinst Virwërf vu Vergewaltegungen. Direkt e puer Fraen hu sech dozou scho geäussert. Déi aktuellst Plainte kënnt vun der Schauspillerin Hélène Darras. De Parquet zu Paräis préift elo, op d'Plainte wéinst der Verjärungsfrist recevabel ass.

D'Actrice selwer huet schonn eng Kéier viru Geriicht als Zeie géint den Depardieu ausgesot an och scho mam Journaliste-Portal "Mediapart" geschwat. Schlussendlech huet si am September hir Plainte deposéiert.