E Sonndeg de Moie koum et zu engem Tëschefall op engem Chrëschtmaart net wäit vun der Lëtzebuerger Grenz ewech.

Zu Bitburg, der Stad déi a ganz Däitschland wéinst hirem Béier bekannt ass, koum et e Sonndeg de Moien zu engem Brand, wéi eng Imbissbud um Chrëschtmaart Feier gefaangen huet. Wéi een op der Plaz ka gesinn, ass eng Bud an en Zelt komplett zerstéiert ginn, eng zweet Bud gouf beschiedegt. Wéi de Brand ugefaangen huet, war de Chrëschtmaart nach net op. Persoune koumen net zu schued.

Wat de Brand ausgeléist huet, ass awer nach net kloer, esou d'Police. D'Kriminalpolice wier mat den Ermëttlunge beoptraagt.

Et geet een dovunner aus, datt de Schued am héije fënnefstellege Beräich wäert leien. Ob de Chrëschtmaart dann nach eng Kéier seng Dieren um 2. Advent opmaache kann, ass aktuell nach net gewosst. Vun der Plaz ass éischter ze héieren, wéi wann dat net de Fall wier: "Heute sicher nicht mehr. Die Kripo muss noch kommen und alles sicherstellen. Es kann gut sein, dass er gar nicht mehr öffnet. Alle Buden riechen nach Rauch", esou en Aarbechter vun der Bitburger Gemeng, deen op der Plaz war.