Éier een awer op de Mars wäert fléien, gëtt de Mound eng wichteg Tëschenetapp. A fir déi Missioun wieren d'ESA-Astronaute scho prett.

D'Europäesch Weltraum-Agence steet virun enger spannender Zukunft. Am Mëttelpunkt steet de Mars mam Zil, am Joer 2050 Mënschen op de Roude Planéit ze schécken. Als Tëschenetappe ass de Mount am Viséier, mat enger permanenter Presenz, als Basis fir weider Missiounen. D'ESA-Directrice fir Wëssenschaft Prof. Dr. Carole Mundell war elo kierzlech op Visitt zu Lëtzebuerg.

D'ESA wëll op den Mars! 2003 huet d'Europäesch Weltraum Agence hir éischten Marsmissioun gestart, dat mat engem Satellit, deen eisen Nopeschplanéit kartographéiert a seng Atmosphäre analyséiert huet. Fir 2028 an 2030 si weider wichteg Missioune geplangt, iert een da wëll Mënschen op den Mars schécken.

"Virun 2050, mä ech ka kee geneet Joer soen. Mä mir hu kloer d'Ambitioun, fir Mënschen op den Mars ze schécken. 2028 schécke mir en Rover op eisen Nopeschplanéit. An eis Astronauten sinn elo scho prett fir eng Moundmissioun. De Mound ass eng wichteg Tëschenetapp", seet d'Prof. Dr. Carole Mundell.

Just 12 Mënsche ware bis ewell um Mound... alles Amerikaner, mat 1969 deenen éischten an 1972 deene leschten Astronauten. Wann et der ESA nogeet, da sollen elo geschwënn och déi éischt Europäer iwwert den Mound spadséieren.

"Mir wëllen op den Mound an mir wëllen do bleiwen." heescht et vun der Carole Mundell, déi vun enger Aart Moundbasis schwätzt. "Lëtzebuerg huet do eng kloer Weltraumstrategie, wat de Mound ugeet. Zum Beispill bei den nohaltege Ressourcen, a wéi een de Mound notze kann als Sprangbriet, fir op de Mars ze fléien. Mir kënnen net direkt op de Mars an do eng Kolonie opbauen, de Mound ass eng wichteg Etapp op dëser Rees.

Bei all hire Projeten ass d'ESA op Ënnerstëtzung vu baussen ugewisen. D'Universitéiten an den 22 Memberlänner spillen eng wichteg Roll.

"D'Wëssenschaftler definéieren déi grouss Froen, a bewerbe sech fir d'Missiounen. Onofhängeg Experte wielen dann déi Missiounen aus, déi dee gréisste Succès verspriechen. D'ESA entwéckelt dann d'Technologien, fir d'Missioun ze realiséieren. D'Erkenntnisser an d'Resultater vun de Missioune ginn nees zréck un d'Wëssenschaftler an duerno un d'ganz Mënschheet", erkläert d'Wëssenschaftsdirectrice vun der Europäescher Weltraumagence.

Och d'Uni Lëtzebuerg mellt sech, fir bei enger ESA Missioun matzemaachen. D'Studenten hunn e Programm geschriwwen, fir mat klengen Satellitten ze kommunizéieren, déi um Mound sollen an den Asaz kommen, erkläert d'Barbara Symeon, Studentin fir de "Space Master" op der Uni.lu.

Nieft der Kommunikatioun mat de Satellitten ass d'Uni Lëtzebuerg och responsabel, fir déi kleng Apparater ze testen, iert se eventuell an den Asaz kommen.