Wat genee eng Vergewaltegung ass, dat ënnerscheet sech bannent der EU vu Land zu Land.

Bis ewell ass et zum Beispill esou, dass an 18 vu 27 Memberstaate Gewalt oder Menacë mussen am Spill sinn, fir eng Vergewaltegung kënnen ze poursuivéieren. Dofir waren d'EU-Memberstaaten drëm beméit, eng eenheetlech Definitioun op d'Been ze stellen, fir och d'Poursuitten iwwer d'Grenzen ewech méi einfach ze maachen.

En Dënschdeg ass een op e Konsens komm, fir souwuel sexuell wéi och haislech Gewalt uechter d'EU méi streng ze poursuivéieren. An Zukunft wäerten zum Beispill déi weiblech Genitalverstümmlung, forcéiert Bestietnis, Stalking a Mobbing vu Fraen am Internet an d'Verbreede vun intimen Opnamen a ganz Europa als Strofdot gëllen. Donieft mussen all d'Memberstaaten eng national Telefonshotline en place setzen, déi fir Affer vu Gewalt 24/24 gratis erreechbar ass.

Aktivisten an Aktivistinnen hätten och drop gehofft, dass EU-wäit de Prinzip "Jo heescht Jo" agefouert gëtt. A Schweden an a Spuenien gëllt dat elo schonn an heescht eigentlech just, dass een dem Sex explizitt muss zoustëmmen. Allerdéngs hate sech souwuel den däitsche Justizminister Buschmann wéi och de franséischen Homolog Éric Dupond-Moretti dogéint gestallt. Dofir géing et keng rechtlech Grondlag am Europarecht ginn, sou d'Argumentatioun. Dëst Gesetz muss elo nach vum EU-Parlament gestëmmt a vun den eenzele Memberstaaten ofgeseent ginn.