Viru genee 4 Méint, de 7. Oktober d’lescht Joer hat d'Hamas Uertschaften a Kibbuzen an Israel attackéiert a Geisele geholl.

Kuerz drop goung Israel an eng Militäroffensiv géint d'Hamas an der Gazasträif, déi just vun enger kuerzer Wafferou ënnerbrach gouf. Haut besteet weiderhin d'Gefor, dass de Krich am Noen Osten eskaléiert, och wann op e Neits eng Wafferou an der Diskussioun steet.

D'Attack vun der Hamas op Israel, de 7. Oktober, hat ronn 1.300 Leit d’Liewe kascht. D'Palästinensermiliz hat Israel mat engem massive Barrage u Rakéiten ënner Beschoss geholl. Doriwwer eraus hunn d'Milizen israeelesch Geisele geholl an an d'Gazasträif verschleeft. Israel goung an eng Militäroffensiv, déi ëmmer méi zu enger Invasioun vun der Gazasträif gouf.

D'Operatioun hat net méi eleng d'Zil d'Hamas ze zerstéieren, mee si huet sech an d'Längt gezunn a bal zwou Millioune palestinensesch Zivilisten an d'Flucht geschloen. Ronn 28.000 Palästinenser sinn an deene 4 Méint Krich ëm d'Liewe komm, iwwer 65.000 goufen der verwonnt. De Misär gëtt begleet vu Krankheet an Hongersnout an dem Blockéiere vun internationaler, humanitärer Hëllef.

An enger Wafferou vun enger Woch am November koumen 100 Geisele fräi. Israel hat se mat der Hamas géint 240 palestinensesch Prisonéier ausgetosch. Kuerz drop goung d'Offensiv weider, bis haut ouni weider Paus.
Déi iwwer 130 Geisele nach an der Gewalt vun der Hamas, vun deenen der mëttlerweil méiglecherweis méi wéi 30 ëmkoumen, si net méi d'Prioritéit fir d'israeelesch Regierung. Familljen a Frënn vun de Vermësste manifestéieren dowéinst zanter Oktober zu Tel Aviv.

Den israeleesche Militär huet den Opdrag, d'Hamas ze zerstéieren, mee et geet och fir den israeelesche Premier Benjamin Netanyahu ëm säi perséinlecht, politescht Iwwerliewen. Bei all Konzessioun géif hie riskéieren, weider ënner Drock ze geroden a vun de Rietsnationalisten a senger Regierung gestierzt ze ginn. Da wier hien der Justiz ausgeliwwert.

En neie Plang fir eng Wafferou haut, ausgehandelt vu Qatar an Ägypten, dierft duerfir kaum vun Israel acceptéiert ginn. D'Hamas verlaangt e komplette Réckzuch vum israeelesche Militär aus der Gazasträif, en Neiopbau vun de Spideeler a Flüchtlingsquartieren an eng Wafferou vun 135 Deeg, an där een Enn vum Krich sollt besigelt ginn.

International Organisatioune warne virun enger humanitärer Katastroph. Dat International Geriicht préift déi südafrikanesch Uklo wéinst Genozid.

RTL

© RTL Grafik

Iwwerdeems attackéiert déi israeelesch Arméi weiderhin d'Stad Rafah am Süde vun der Gazasträif, no un der ägyptescher Grenz. Déi Attacke goufen international kritiséiert, well sech do aktuell méi wéi d'Hallschent vun der Populatioun aus der Gazasträif, also ronn 1,3 Millioune Leit, verstoppt hunn. Domat sinn d'Leit an der Stad agekesselt, déi humanitär Situatioun ass katastrophal.

Ausserdeem kommen zu Rafah déi meeschten Hëllefsgidder un.

Israel gouf mëttlerweil vu Südafrika wéinst Genozid virum Internationale Geriichtshaff zu Den Haag ugeklot. Israel weist déi Reprochen awer zeréck.

Suerg viru weideren Eskalatiounen

Mam Krich tëscht Israel an der Hamas ass och an den Nopeschlänner nees d'Gewalt méi staark ginn.

Am Westjordanland kënnt et ëmmer nees zu Affrontementer tëscht israeelesche Bewunner a Palästinenser. Israel huet d'Land zanter 1967 besat a baut ëmmer méi illegal Siidlungen um palästinenseschen Territoire.

Vum Iran ënnerstëtzte Rebellegruppen hunn aus dem Irak, Syrien, dem Libanon awer och dem Jemen Attacke lancéiert, fir d'Hamas z'ënnerstëtzen. Israel huet ëmmer nees Ziler a Syrien bombardéiert. Ma och d'USA hunn als Alliéiert vun Israel Konterattacke géint d'Rebelle gefuer, nodeems eng US-amerikanesch Militärbasis a Jordanien ugegraff gouf.

RTL

© RTL Grafik

Saudi-Arabien huet als Muechtfacteur am Noen Osten iwwerdeems betount, et géif keng diplomatesch Relatioune mat Israel ginn, bis dass et de Staat Palästina no de Grenze vun 1967 unerkennt, an déi israeelesch Attacken ophalen. Saudi-Arabien steet nees a Konkurrenz zum Iran. Béid Länner liwwere sech am Jemen e Stellvertrieder-Krich.

Saudi-Arabien ënnerstëtzt zesumme mat enger internationaler Koalitioun d'jemenittesch Regierung am Kampf géint déi vum Iran ënnerstëtzen Huthi-Miliz.

Gläichzäiteg attackéieren d'Huthi-Rebellen eng 2.000 Kilometer vun Israel ewech am Jemen Handelsschëffer am Roude Mier. Wéi d'Rebelle soen, wieren dat Schëffer mat Lienen zu Israel, mee et waren och Schëffer dobäi, wou et keng nogewise Verbindung gëtt. De Passage ass eng wichteg Strooss fir de globalen Handel, esou dass déi Attacken zu grousse finanzielle Verloschter féieren.

Déi eenzel Konflikter hänken deemno zesummen. Gefaart gëtt e Krich tëscht den USA an dem Iran, dee capabel si soll, Atomwaffen hierzestellen.

Ob déi engagéiert Partië wierklech en Intressi un engem Krich hunn, doriwwer gëtt aktuell kontrovers diskutéiert. D'USA hu bis dato den Iran net direkt attackéiert, a betounen, kee Krich mam Land ze wëllen.