Déi éischte Kéier zanter Russland virun zwee Joer d'Ukrain iwwerfall huet, soll de russesche President Putin engem westleche Journalist en Interview ginn.

Dat behaapt op mannst de fréiere Star-Moderater vum konservativen US-amerikaneschen Noriichtesender Fox News, den Tucker Carlson, an engem Video vu Moskau. Hie wär an der russescher Haaptstad, fir de Putin z'interviewen.

Den ëmstriddene rietse Journalist bedauert, dass zanter der russescher Offensiv an d'Ukrain nach kee westleche Journalist sech engagéiert hätt, mam Kremlchef ze schwätzen.

De Spriecher vum President widdersprécht deem, well de Putin vill Interview-Demandë kréich. Ma meeschtens vu groussen Online-Medien, déi net objektiv wären, esou den Dmitri Peskow.

Deen allerdéngs confirméiert, dass den Tucker Carlson elo en Interview mam russesche President accordéiert krut, well deen am Kontrast zu traditionellen angelsächsege Medie stéing.

De fréiere Fox-Moderater huet betount, den Interview wäert fir näischt op sengem Internetsite ze gesi sinn. En Datum vun der Diffusioun huet hien net genannt. Hie behaapt iwwerdeems, den Elon Musk hätt him verséchert, dee Video net ze blockéieren, wann en op der Plattform X eropgeluede géif ginn.

Direkt e puer westlech Journaliste vu CNN bis BBC hu sech géint dem Carlson seng Aussoe gewiert. Si géifen zanter zwee Joer natierlech versichen, de Putin virun de Mikro ze kréien. A si géifen domat och net ophalen.