Vun 1955 bis 1975 war am Vietnam an Ëmgéigend Krich. Wärend där Zäit goufen iwwert dem Nopeschland Laos 2 Milliounen Tonne Bomme vun der USA erofgeheit.

Déi Bommen, déi deemools net an d'Luucht gaange sinn, sinn deelweis ëmmer nach an de Bëscher a Felder vum Laos ze fannen. Ëmmer nach stierwen all Joer Mënsche wéinst dëse "Blindgänger". An de leschten 20 Joer goufe méi wéi 11.000 Mënschen am Laos duerch Bomme blesséiert an 300 Persoune si gestuerwen.

1996 gouf dowéinst d'UXO Lao gegrënnt, den Lao National Unxeploded Ordonance Programme. Déi ronn 400 Mataarbechter sinn an den 9 Provënze vum Laos am Asaz, déi am meeschte betraff sinn, dorënner och Luang Prapang. Hiert Zil ass et, Accidenter duerch Minnen ze verhënneren, respektiv ze reduzéieren an domat séchert Land fir Landwirtschaft ze schafen. Land, wat vun der UXO komplett gecheckt a geséchert gouf, ka vum Bauer duerno genotzt ginn, fir Räis oder Geméis unzebauen oder fir aner sozioekonomesch Projeten.

Ma och hei huet Lëtzebuerg seng Fangeren am Spill. UXO Lao gëtt nämlech ënnert anerem vu Lëtzebuerg, den USA, Kanada an Australien finanziell ënnerstëtzt.

Wéi den Ausseminister erkläert, dass haut nach Mënschen am Laos, un de Bomme stierwen, déi deemools iwwer dem Land ofgeworf goufen:

"Hei ass e Land, wou am Fong esou vill Bomme gefall sinn a Minne gefall sinn, wéi am Zweete Weltkrich a Frankräich oder an deene meeschten europäesche Länner zesumme gefall sinn. Et ass onwarscheinlech, wéi vill der gefall sinn. A si rechnen, dass der eng zwou Milliounen hei waren. Si hunn der scho vill fonnt, mä et sinn all Joer nach Kanner oder Baueren, déi blesséiert ginn oder stierwen. An dat, wann ee bedenkt e Krich, dee schonn esou laang fäerdeg ass. Dat heescht, am Fong hu se ausgerechent, dass se am Ganzen nom Krich eng 75 Joer duerno nach Victime vun dësem Krich hunn. Leit, déi blesséiert ginn, oder an den Dout gerappt ginn."

De Xavier Bettel iwwert den Déminage am Laos

De Minister Xavier Bettel huet de Metalldetekter selwer an d'Hand geholl an e Stéck Feld ënnersicht. Hei am Laos gëtt dat nämlech alles nach e bësse méi "old school" gemaach. An domat riskéiere si dagdeeglech um Terrain hiert Liewen an deen een oder anere fir mol net 300 Euro de Mount.

Och de Sao ass fir d'UXO Lao am Asaz. Hien ass sech dem Risk bewosst, Angscht huet hien awer keng. "Ech maachen dat fir de Laos, mäin Heemechtsland, fir eis Gesellschaft an och fir d'Kanner. Meng eege Kanner léieren an der Schoul, wat de Vietnamkrich haut nach fir en Afloss op eist Liewen huet. Eist Zil ass et, dass ëmmer manner Leit duerch Minnen ëmkommen an dass d'Zuel vun den Affer iergendwa bei 0 ass... hoffentlech schonn 2030."

Méi landwirtschaftlech Fläch huet natierlech de Virdeel, dass am Entwécklungsland méi eege Produite kënnen ugebaut ginn, mee och et geet och drëm, Aarbechtsplaze fir jonk Laoten ze schafen, déi nohalteg ass.

Visitt vum Duerf Nathong

Wärend der Visitt war de Kooperatiounsminister an d'Delegatioun och op Besuch an engem Duerf, wou Lëtzebuerg a lokal a infrastrukturell Projeten investéiert.

Am Duerf Nathong liewen 364 Leit verdeelt op 65 Haushälter. Hiert Duerf gëtt duerch e Floss mat staarke Stréimunge getrennt. Dofir war hir grouss Prioritéit, eng Bréck ze kréien, esou dass d’Kanner moies kënnen an d’Schoul goen, ouni dass d’Eltere sech musse Suerge maachen. An och d'Schoul gouf nei opgebaut. Hei sinn d'Kanner elo vun den héijen Temperaturen an der staarker Sonn protegéiert a kënne fokusséiert léieren. A Lëtzebuerg investéiert weider op lokalem Terrain. An Zukunft sollen d'Dierf besser mat der Haaptstrooss verbonne ginn an et gëtt un engem Veräinssall geschafft, wou d'Awunner fir Aktivitéite kënnen zesummekommen.