1981 war Frankräich déi lescht Demokratie a Westeuropa, déi d'Doudesstrof ofgeschaaft huet.

Ze verdanken ass dat haaptsächlech dem Affekot a spéidere Justizminister Robert Badinter.

An der Nuecht op e Freideg ass hie verstuerwen. D'Informatioun gouf vu senger Collabortrice Aude Napoli confirméiert. An engem Hommage schwätzt de President Macron vun enger Joerhonnert-Figur, déi de franséischen Esprit representéiert hätt.