E Freideg am Nomëtteg koum et zu engem trageschen Accident am US-Bundesstaat Florida.

Kuerz virun der geplangter Landung um Fluchhafen zu Naples un der Westküst vu Florida, huet de Pilot vun engem Privatjet iwwer Funk gemellt, dass seng zwee Motoren ausgefall wieren. Gestart war de Fliger um Ohia State University Airport. 5 Persoune waren u Bord vun der Bombardier Challenger 600. De Pilot huet probéiert de Fliger op enger Autobunn noutzelanden, méi genee op der Interstate 75.

Bei der Noutlandung ass de Fliger a Flamen opgaangen. Zwou vun de 5 Persounen am Fliger sinn heibäi ëm d'Liewe komm. Dat

En Aenzeien huet dem Tëlee-Sender CNN matgedeelt, dass de Fliger kuerz virun dem Opprall nach e Pickup ze pake krut. Den Daach vum Gefier wier erofgerappt ginn an dëse wier doropshin op d'Säit geschleidert ginn. De Chauffer vum Gefier wier awer selwer erausgeklommen an hätt "OK" gewierkt, esou den Aenzeien.

Ongeféier eng Minutt nodeems de Fliger op der Interstate 75 "gelant" war, koum et zu enger Explosioun. Virdrun haten nach Leit probéiert bei de Fliger ze kommen, fir de Leit u Bord ze hëllefen.