Falls den Donald Trump als President zeréckgewielt géif ginn, géif hie keng Garantie ginn, déi aner NATO-Länner viru Russland ze beschützen.

Dat sot hie bei engem Meeting zu South Carolina. Den Donald Trump kritiséiert jo ëmmer nees, dass Memberlänner vun der NATO net genuch géife finanziell bäidroen.

Hien hätt eng Entrevue gehat mat engem Chef d'Etat vun engem NATO-Memberland, ouni awer ze soen, wien et war. Deen hätt gefrot, ob d'USA géife bei der Protektioun hëllefen, falls se net méi géife bezuelen, an d'Russen dann ugräifen.

"Nee, ech géif iech net schützen. Ech géif d'Russen encouragéieren ze maache wat se wëllen. Dir musst Är Scholde bezuelen", esou d'Äntwert vum Donald Trump.

Dann huet den Trump och nach ugekënnegt, dass et zur gréisster Well un Expulsiounen an den USA géif kommen, wann hien nees un der Muecht ass. Et misst Schluss si mat den oppene Grenzen. En huet d'Ausweisung vun Immigranten zu enger vu senge Prioritéite gemaach.

De fréieren US-President huet sech et och net huele gelooss, géint seng Rivalin am Walkampf, d'Nikki Haley ze picken. Si ass fréier Gouverneurin vu South Carolina. Den Trump huet de Geck gemaach, wisou wärend der Walcampagne de Mann vun der Nikki Haley dann net un hirer Säit wier?

"Wou ass hire Mann? Oh, en ass fort, en ass fort. Wat ass da mat hirem Mann geschitt?", esou den Trump, andeems e seng Stëmm verstallt huet.

Dee Schoss ass awer no hanne lassgaangen, well et huet net laang gedauert, bis d'Nikki Haley via X geäntwert huet, dass hire Mann aktuell fir 1 Joer am Arméidéngscht am Djibouti ass.

"Hien ass fir eist Land am Asaz, eppes wouvun Dir näischt kennt. Eng Persoun, déi kee Respekt weist fir d'Sacrificë vun de Militärfamillen, huet näischt um Posten als Kommando-Chef verluer", esou d'Nikki Haley weider.

Och hire Mann huet sech op X gemellt, an dem Milliardär Trump eng Noriicht geschéckt, zesumme mat enger Foto vun engem Wollef: "Wat ass den Ënnerscheed tëscht Mënschen an Déieren? Déiere géifen ni den Dommsten hiert Ruddel uféiere loossen".

Den Nato-Generalsekretär Jens Stoltenberg warnt virun Aussoen, respektiv Iddien, déi d'Sécherheet vu jidderengem a Fro stellen.

Hie reagéiert domadder op d'Deklaratioune vum Donald Trump, dee sot, wann hien zeréckgewielt géif ginn, wier hien dofir, datt d'Nato, déi Länner net méi géif verdeedegen, wann hir finanziell Bedeelegung net héich genuch ass.