Dat mellt de Parquet vu Metz a confirméiert eng Informatioun vum Républicain lorrain.

De Mann, deen déi pakistanesch Nationalitéit huet, gouf géint 5 Auer dout an engem Foyer fonnt. Hien ass mat e puer Messerstéch ëmbruecht ginn.  Ee Verdächtege gouf interpelléiert.

An deenen nächsten Deeg gëtt eng Autopsie vum Affer gemaach.