D'Produktiouns-Capacitéite missten eropgesat ginn, fir Europa zu enger Verdeedegungsmuecht auszebauen.

Dat deelt de franséische President Emmanuel Macron bei engem Treffe mam polnesche Regierungschef Donald Tusk um Méindeg zu Paräis mat. "Alles wat d'EU leescht, fir der Ukrain Munitioun ze liwweren, muss och dem Opbau vun der europäescher Rüstungsindustrie déngen. Dëst hëlleft eis, eis Produktiounskapazitéiten ze erhéijen, an Europa zu enger Verdeedegungsmuecht auszebauen, déi d'NATO ënnerstëtzt."

Parallel gouf annoncéiert, datt et am Beräich vun der Atomenergie e bilateralen Accord tëschent Frankräich a Polen wäert ginn. Béid Länner zielen zu deene mat den ausgibegste Pläng fir de Bau vun neien Atomkraaftwierker. Dës sollen d'Energiesécherheet steigeren a bis 20250 d'Klimaneutralitéit erreechen, seet de Macron.

Den Donald Tusk reest no sengem Besuch zu Paräis weider op Berlin.