Och nodeems den ëmstriddene Premier zeréckgetrueden ass, leeën déi verschidde Banden, déi grouss Deeler vum Land kontrolléieren, hir Waffen net néier.

Banden annoncéieren: Kampf geet weider

Vun engem vun de mächtegste Bandecheffen am Land, dem Jimmy Chérizier genannt "Barbecue", koum dann d'Annonce, datt ee weider fir d'Befreiung vum Land géif kämpfen. Dëst sot hien an engem Interview mat engem kolumbianesche Radiosender. Datt de Regierungschef Henry zerécktrëtt, wier him ze wéineg. Zanter 2021 fuerderen d'Banden de Récktrëtt vum Henry, deen u sech scho sollt am Februar d'Amt vum Ministerpresident néierleeën. Dëst ass awer eréischt no engem Meeting tëscht den USA, der UNO an de Memberlänner vun der Caricom passéiert.

Et war och de "Barbecue", selwer fréiere Polizist, deen am September vum leschte Joer d'Populatioun opgeruff hat, fir sech Waffen ze beschafen an de Premier ze stierzen. Hie gëtt him ënner anerem d'Schold, datt d'Land nom Äerdbiewen, bei deem grouss Deeler vun der Haaptstad zerstéiert goufen an honnertdausende Leit ëmkoumen, esou wéi den anere Katastrophen dono nach ëmmer am Struewelen ass

Aktuell kontrolléieren déi verschidde Bande grouss Deeler vum Land a ronn 80 Prozent vun der Haaptstad Port-au-Prince. Zanter Woche suerge si och fir Eskalatioune vun der Gewalt. Esou hunn arméiert Membere vun dëse Bande Policestatiounen ugegraff an dausende vu Prisonéier befreit.

Iwwergangsrot soll d'Land regéieren

Nom Récktrëtt vum Regierungschef soll elo en Iwwergangsrot forméiert ginn, dee sech aus siwe Memberen aus de politesche Parteien, dem Privatsecteur a Leit aus der Zivilgesellschaft soll zesummesetzen. Dës Persoune sollen alleguerte kënnen ofstëmmen. Dobäi kommen zwee Leit, déi e Sëtz ouni d'Recht fir ofzestëmmen, kréien. D'Membere vun de verschiddene Bande sinn hei awer ausgeschloss.

Vill Leit an der Populatioun hunn de Récktrëtt vum Henry begréisst. Elo bräicht een awer e schnelle Mechanismus, fir den ale Regierungschef z'ersetzen. Ënner anerem koum Kritik aus der Populatioun, datt den Henry kee richtege Plang gehat hätt, wat hie mam Land maache sollt. D'Decisioun, wie säi Successeur gëtt, misst awer beim Vollek bleiwen, esou d'Fuerderung vu verschiddenen ."Dës Mënsche sollen haitianesch Patriote sinn an e Gefill vun der nationaler Souveränitéit hunn", sot en Haitianer am Interview mat der AFP.

Zanter 2016 gouf et am Land keng Wale méi. An nodeems de President Jovenel Moise am Juli 2021 ëmbruecht gouf, ass d'Land nach méi déif an d'Kris gerutscht, déi d'Äerdbiewe vun 2010 schonn eng Kéier verschlëmmert hat. Bande kontrolléieren antëscht grouss Deeler vum Land an d'Zuel vun de Morden huet sech am leschte Joer méi wéi verduebelt.

Loftbréck fir Haiti

Well d'Gewalt vun de Banden am Land ëmmer weider zouhëlt an doduerch déi humanitär Situatioun op Haiti ëmmer méi schlecht gëtt, hunn d'Vereenten Natiounen elo eng Loftbréck annoncéiert, fir der Populatioun ze hëllefen. Wéi den nationale Büro vun der UN matgedeelt huet, géifen d'Fliger aus der Dominikanescher Republik, also deem Land, mat deem sech Haiti d'Insel Hispaniola deelt, fortfléien.

E Mëttwoch hat d'UN awer schonn annoncéiert, datt een e groussen Deel vu sengem Personal aus dem Land géif ofzéien. Dës sollen och an d'Nopeschland bruecht ginn. Änlech Schrëtt hate schonn d'EU an vill eenzel Länner gemaach.