Wéinst dem Gazakrich wëll d'Stad Bréissel den Nations-League-Match tëscht der Belsch an Israel de 6. September net am Stade Roi Baudouin organiséieren.

Et wier een no enger detailléierter Analys zur Konklusioun komm, datt sou e Match am aktuelle Kontext zu grousse Manifestatiounen a Géigemanifestatioune féiere géif, déi d'Sécherheet vun de Spectateuren, de Spiller, den Awunner vu Bréissel an och der Police géif a Fro stellen. D'Belsch gouf an der Nations League an de Grupp A2 geloust, zesumme mat Frankräich, Italien an eben och Israel.