Wéi Déiereschützer den "Nuggi" befreit haten, sollt et schonn ze spéit fir de Mupp gewiescht sinn. Seng Besëtzerin muss dowéinst lo 2 Méint an de Prisong.

Am Oktober 2021 hate Mataarbechter vun der kinneklecher Déiereschutzorganisatioun SPCA no enger Perquisitioun eng Rei Déiere bei sech opgeholl. Dorënner och den "Nuggi", deen un de Suitte vu sengem Iwwergewiicht gestuerwen ass.

"Hie war esou riseg, datt hie bal net lafe konnt, an huet offensichtlech ënner dem erhiefleche Gewiicht gelidden, dat hie gedroen huet", sot e Mataarbechter vun der Organisatioun, déi d'Besëtzerin vum Hond ugeklot hat. De Mupp hätt op den zéng Meter, déi hie vum Grondstéck bei den Auto huet misse goen, dräi Mol misse Paus maachen, fir Loft ze huelen. "Den Nuggi war ouni Zweiwel eent vun de fettleibegsten Déieren, déi mir jee gesinn hunn", huet et weider geheescht. Seng Been hätte säi Kierper bal net gepackt.

Schall vum Häerzschlag koum net duerch d'Fett

Eng Analys beim Veterinär hätt iwwerdeem erginn, datt d'Pelznues ganzer 53,7 Kilo gewien huet an esou déck war, datt et de Veterinären net méiglech war, säin Häerzschlag mat engem Stethoskop ofzelauschteren, well de Schall net duerch d'Fett duerchdrénge konnt. Donieft wier eng Bindehautentzündung festgestallt ginn.

An den zwee Méint, an deenen den "Nuggi" bei der SPCA war, hätt de Mupp esouguer eng 8,9 Kilo ofhuele kënnen. Trotzdeem ass hie plëtzlech un enger akuter Bluddung wéinst engem geplatzten Tumeur a senger Liewer gestuerwen. Eng Autopsie huet doropshin erginn, datt den Hond nach weider gesondheetlech Komplikatiounen duerch dat krankhaft Iwwergewiicht hat, dorënner och eng Liewererkrankung.

Masseweis Poulet a Leckerlien

Beim Geriichtsprozess huet d'Besëtzerin zouginn, déi kierperlech a gesondheetlech Besoine vum Mupp net erfëllt ze hunn. Si hätt den "Nuggi" all Dag mat 8 bis 10 Stécker Poulet gefiddert an him zousätzlech nach Leckerlie ginn. "Eng responsabel Meeschtesch bitt sengem Hausdéier eng adequat Ernärung an deeglech Beweegung, wat hei eendeiteg net de Fall war", fënnt den Todd Westwood, Direkter vum Déiereschutz SPCA (Royal New Zealand Society for the Prevention of Cruelty to Animals Incorporated).

Och d'Geriicht war der Meenung, datt d'Fra hir Pelznues net adequat gehalen huet. Nieft der Prisongsstrof vun zwee Méint, muss si och ëmgerechent 670 Euro Strof bezuelen, well si sech keng Hëllef geholl huet. Doriwwer eraus dierf si 12 Méint laang keen Hond hunn.