No de Protester am Bangladesch an der Permierministesch Hasina hirer Flucht huet de Muhammad Yunus sech breet erkläert, eng Iwwergangsregierung ze leeden.

Wéi de 84 Joer alen Ekonomist géigeniwwer der Noriichtenagence AFP sot, géif hien handelen wa säi Land an d'Wuel vu sengem Vollek dat verlaange géifen. Allerdéngs kéint eng Iwwergangsregierung nëmmen den Ufank sinn. D'Land kéint nëmmen zu Fridde fannen, wann et fräi Wale géife ginn.

D'Leader vun de Studenteprotester, déi déi aktuell Premierministesch Hasina zur Flucht an Indien gezwongen hunn, haten de Yunus als méigleche Virsëtzende vun enger Iwwergangsregierung an d'Spill bruecht. Wéi de Leader vun der Beweegung "Studente géint Diskriminéierung" Asif Mahmud op Facebook matgedeelt huet, hätt d'Beweegung Vertrauen an de Muhammad Yunus.

De Muhammad Yunus huet Enn den 1970er-Joren d'Iddi vun de Microkrediter entwéckelt. Dat si Krediter iwwer ganz niddereg Zommen, déi Leit ophuele kënnen, fir eng einfach Geschäftsiddi ëmzesetzen, fir déi et net vill Investitioune brauch. An den 1980er Joren huet hien d'Verdeele vu Mikrokrediter am Bangladesch gefërdert. Domat huet hie Schätzungen no Millioune Mënschen aus der absolutter Aarmut gehollef. 2006 krut hien dowéinst de Friddensnobelpräis.