Den Jimmy Carter war vun 1977 bis 1981 den 39. President vun den USA. Seng Amtszäit war virun allem aussepolitesch turbulent.

Den James Earl Carter Jr. - genannt Jimmy - Carter koum den 1. Oktober 1924 zu Plains am deemolege "Wise Sanatarium" am Bundesstaat Georgia am Süde vun den USA op d'Welt. Hien ass den éischten amerikanesche President, deen an engem Spidol an net an engem Wunnhaus gebuer gëtt. Hien ass dat eelste Kand vun der Infirmière Bessie Lillian Gordy an dem Geschäftsmann James Earl Carter Sr. Dräi weider Kanner sollt d'Koppel nach kréien: D'Gloria, d'Ruth an de Billy.

Dem Jimmy Carter säi Papp bedreift e Buttek a keeft landwirtschaftlech Terrainen. Vun him kritt de spéideren US-President als Teenager e puer Felder. Op dëse baut hie Kakuette fir de Verkaf un.

Offizéier bei der Navy

Nom Ofschloss vun der High School wëll den Jimmy Carter eigentlech Karriär bei der amerikanescher Navy maachen. Als éischt fänkt hien awer 1941 e Studium an den Ingenieurswëssenschaften um Georgia Southwestern College un. D'Joer drop wiesselt hien op den Georgia Institute of Technology. Wärend hien hei studéiert, gëtt hien Deel vun engem Corps vu Reserve-Offizéier vun der US-Navy. 1943 gëtt hie schliisslech op "d'United States Naval Academy" beruff, déi hien 1946 mat engem Bachelorofschloss als Ingenieur an als Offizéier verléisst.

Zwou Wochen no sengem Ofschloss op der Naval Academy bestuet den Jimmy Carter d'Rosalynn Smith. Déi zwee bleiwe bis zum Doud vum Rosalynn Carter am November zejoert bestuet.

Siwe Joer laang ass den Jimmy Carter als Offizéier vun der Navy a verschiddenen Häfen uechter d'USA stationéiert. 1953 trëtt hien aus dem aktiven Déngscht zeréck a bleift duerno bis 1691 an anerer Funktioun bei der Navy

Aus der Bundesstaate-Politik an d'Wäisst Haus

No senger Zäit an der Navy geet de Carter a seng Heemechtsstaat Plains zeréck. Hei wëll hien den Ubau vu Kakuetten, deen d'Famill bedreift, weider ausbauen, wat him, no engem schwéieren éischte Joer, och geléngt.

1961 fänkt hien un, sech an der lokaler Politik ze engagéieren. Hie setzt sech géint d'Rassentrennung a fir méi Toleranz géigeniwwer der afroamerikanescher Bevëlkerung vun Georgia an.

1963 gëtt den Jimmy Carter an de Senat vum Bundesstaat gewielt an 1971 gëtt hie schliisslech de Gouverneur vun Georgia. Wärend senger Zäit un der Spëtzt vum Bundesstaat huet hie virun allem den Naturschutz, d'Effizienz vun der lokaler Regierung a Verwaltung an dem Ofbau vun der Segregatioun agesat.

1974 annoncéiert hie schliisslech, dass hie bei den nächste Presidentschaftswalen fir d'Demokrate wëll untrieden. 1976 gëtt hien um nationale Kongress vun den Demokraten offiziell zum Presidentschaftskandidat gewielt. Als säi potenzielle Vizepresident wielt hien de Senateur fir de Bundesstaat Minnesota Walter Mondale. Bei de Walen am November setzt de Carter sech schliisslech géint de republikanesche Kandidat Gerald Ford duerch a gëtt den 39. President vun den USA.

Accorde vu Camp David a Geiselnam am Iran

An der Innepolitik verschreift den Jimmy Carter sech virun allem dem Kampf géint d'Inflatioun an d'Aarbechtslosegkeet. Um Enn vu senger Amtszäit huet déi amerikanesch Ekonomie aacht Milliounen Aarbechtsplaze méi an d'Verschëldung vum Zentralstaat ass, gemooss als Undeel vum PIB, gefall. Allerdéngs klammen d'Inflatioun an d'Zënstauxen wärend senger Amtszäit bal op Rekordhéicht.

Donieft fërdert den US-President Carter den Ausbau vum Sozialstaat: Hie grënnt den amerikaneschen Educatiounsministère  a baut déi amerikanesch Sécurité sociale weider aus.

An der Ëmweltpolitik baut hien de System vun den Nationalparke weider aus. Ënner anerem gi Millioune Quadratkilometer Natur an Alaska ënnert him zum Naturschutzgebitt erkläert. Allerdéngs falen ënnert dem Jimmy Carter seng Amtszäit och Deregulatiounen an der Ueleg-, der Transport- an der Fluchindustrie.

An der Aussepolitik ass dem Jimmy Carter seng Amtszäit vun enger grousser Victoire an enger grousser Néierlag gepräägt.

RTL

© Image by  wikimedia commons / Public domain

A senger Noost-Politik versicht hien de Friddensprozess tëscht Israel a sengen arabeschen Nopeschlänner virunzedreiwen. De groussen Duerchbroch kënnt hei 1978. No 14 Méint diplomatesche Beméiungen tëscht Israel, Ägypten an den USA, mat um Enn 12 Deeg laange geheime Verhandlungen um Land-Sëtz vum US-President ënnerschreiwen den ägyptesche President Anwar Sadat an den israeelesche Premierminister Menachem Begin schliisslech den Accord vu Camp David. Op der Basis vun dësem Ofkommes, schléissen Israel an Ägypten schliisslech ee Joer méi spéit offiziell Fridden. Et ass deen éischte Friddensaccord tëscht Israel an engem arabesche Land.

Zum Jimmy Carter sener grousser aussepolitescher Néierlag kënnt et am Kader vun der islamescher Revolutioun am Iran. De 4. November 1979 stiermen iranesch Studenten an islamistescht Kämpfer déi amerikanesch Ambassade zu Teheran an huelen dat diplomatescht Personal als Geisel. 444 Deeg dauert d'Kris, bis déi 52 Geisele schliisslech den 20. Januar 1981, dem Carter sengem leschten Dag als US-President fräikommen.

Um Enn sinn des Geiselnam an di ongebremsten Inflatioun zwee wichteg Grënn dofir, dass den Jimmy Carter bei de Presidentiellen 1980 géint de Republikaner Ronald Reagan verléiert.

Éierung mam Friddensnobelpräis

No senger Zäit als President mécht den Jimmy Carter mat sengen diplomatesch Efforten, fir de Friddensprozess am Noen Oste virunzedreiwen, weider. Ma och an den US-Relatioune mat Nordkorea an Taiwan ass hien als Vermëttler aktiv. Donieft setzt sech dee vun him gegrënnte Carter Center fir den Ausbau vun de Mënscherechter an. An den USA huet hie sech iwwerdeems no enger ganzer Partie Hurrikanen beim Neiopbau vun de betraffene Stied a Regioune bedeelegt.

Am Joer 2002 gouf de Carter fir seng Beméiungen ëm den Ausbau vun de Mënscherechter mam Friddensnobelpräis geéiert.

Mat sengen 100 Joer ass den Jimmy Carter dee bis ewell eelsten, nach liewegen, fréieren US-President.