Den designéierten US-President Donald Trump huet op Reprochë reagéiert, datt de Musk ze vill politeschen Afloss hätt. 

Neen, hien iwwerhëlt net d’Presidence, sot den Trump op enger Konferenz am Arizona. Mä hie géif esou e gudden Job maachen an et wär dach schéin, esou gescheit Leit ze hunn, op déi ee sech kéint verloossen.
 
Den Elon Musk ass de räichste Mann vun der Welt an huet de Walkampf vum Trump mat Millioune Gelder ënnerstëtzt. Hie kritt och e politeschen Job a soll de Staat méi effikass maachen. 
 
De Musk war ënnert anerem wéinst senger Roll elo bei de Budgetsverhandlungen kritiséiert ginn, "President Musk" gëtt e genannt. Hien hätt sech ze vill agemëscht. De Musk kéint net President ginn, sou den Trump, hie wär net am Land gebuer an dat ass eng Konditioun, fir amerikanesche President ze ginn.