Resistenz géint Antibioticken hëlt ëmmer weider zou
© AFP/Archiv/Fabrice COFFRINI
Wéi d'Weltgesondheetsorganisatioun e Méindeg an engem Rapport matdeelt, gi verschidde Krankheetserreeger ëmmer resistent géint Antibioticken.
Doduercher géifen Dokteren d'Behandlungsméiglechkeeten ausgoen wat vill Leit a Liewensgefor brénge géif. Dem Rapport no war 2023 all sechst am Labo confirméiert bakteriell Infektioun géint Traitementer mat Antibioticke resistent, wat "ze déifst beonrouegend" wier, esou d'WHO. Pro Joer géifen et wéinst Antibiotik-Resistenz méi wéi eng Millioun Doudesfäll ginn.
D'WHO huet an hirer Etüd 22 Antibioticken ënnersicht, déi ënner anerem fir den Traitement vun Infektioune vun der Bluttbunn oder dem Mo-Daarm-Trakt benotzt ginn. D'Resistenz géint dës wier tëschent 2018 an 2023 ëm méi wéi 40 Prozent geklommen. Pro Joer wier et eng Hausse vun tëschent 5 a 15 Prozent gewiescht. Ënnersicht goufen an deem Zesummenhang och aacht heefeg bakteriell Krankheetserreeger, dorënner E.coli a Klebsiella-Pneumoniae, déi schwéier Bluttinfektiounen ausléisen an domadder dacks zu Bluttvergëftungen, Organversoen an dem Doud féiere kënnen. Bei E-coli géif de Resistenz-Taux géint Antibioticke bei iwwer 40 Prozent leien, bei Klebsiella-Pneumoniae bei 55 Prozent.
Déi meescht Resistenze goufen a Regioune mat méi schwaache Santéssystemer constatéiert. "Den zouhuelenden Asaz vun Antibioticken, déi zouhuelend Resistenz" an de Manktem u Behandlungsméiglechkeete wieren der WHO no eng "immens geféierlech Kombinatioun".