Spuenesch Medie mellen e Méindeg eng grujeleg Geschicht aus der ostspuenescher Stad Valencia.

An engem Appartementshaus ass d'Läich vun engem Mann fonnt ginn, dee warscheinlech scho 15 Joer laang dout a senger Wunneng louch. Noperen haten den Antonio, wéi de Mann geheescht soll hunn, zanter Joren net méi gesinn. Datt hien elo fonnt gouf, war och éischter een Zoufall.

No dem staarke Reen, deen d'lescht Woch an der Stad erofgaangen ass, war een Offloss am Appartementshaus verstoppt, esou datt et an der ieweschter Etage, wou dem Mann seng Wunneng war, zu Iwwerschwemmunge koum. Der Zeitung Levante-EMV no hätt een Noper an der Wunneng ënnendrënner d'Police an d'Pompjeeë kontaktéiert, nodeems eng schwaarz, sténkeg Flëssegkeet bei hien erofgedrëpst ass.

D'Beamte sinn iwwer eng Fënster an d'Wunneng vum Verstuerwene komm, nodeems si net duerch d'Dier komm waren. Wéi sech erausgestallt huet, war d'Dier duerch déi vill Dauwen an hir Hannerloossenschafte blockéiert, déi sech an der Wunneng ageriicht haten. Um Buedem hu si dunn déi skelettéiert Läich vum Mann fonnt.

Ermëttlunge vun der nationaler Police no soll et sech bei der Läich ëm den Antonio F. handelen, deen 1936 gebuer gouf. Et gëtt geschat, datt hien 2010 am Alter vu 70 oder 71 Joer gestuerwen ass.

Levante-EMV schreift, d'Noperen hätte scho laang näischt méi vum Antonio héieren, ma hätte sech näischt dobäi geduecht, well hie seng Rechnunge weider bezuelt huet. Eng aner Nopesch huet der Zeitung allerdéngs erzielt, datt 2014 wuel ee schlechte Geroch aus der Wunneng koum.

De Mann, deen elo fonnt gouf, war an de leschte Jore vun der Verwaltung vum Gebai verklot ginn, well hie ronn 11.000 Euro Scholden hat. Wéi et der Verwaltung net gelongen ass, de Mann ze kontaktéieren, hu si beim Geriicht Hëllef gesicht. Dem Mann seng Konte goufen doropshi saiséiert, fir d'Scholden zeréckzebezuelen. Wéi d'Scholde bis bezuelt waren an d'Noperen de Mann net méi gesinn hunn, si si dovun ausgaangen, datt hien an een Altersheem geplënnert wier.

Der Zeitung Levante-EMV no hat de Mann och zwee Kanner, zu deenen hien awer kee Kontakt méi hat.