Aenzeien beschreiwen dramatesch Zeenen...

Si sollen am Ufank gemengt hunn et wier e Witz fir Halloween. Bei engem Messerugrëff an engem Zuch an England si verschidde Persoune mat engem Messer ugegraff a schwéier blesséiert ginn. Zéng Persoune wieren der brittescher Police no an d'Spidol bruecht ginn. Néng vun hinne wieren deemno a Liewensgefor. Zwee Verdächteg goufen nom Virfall an der ost-englescher Regioun Cambridgeshire festgeholl, zwee brittesch Staatsbierger, wéi antëscht offiziell bekannt gouf. De brittesche Premierminister Keir Starmer huet vun engem "déif beonrouegende" Virfall geschwat. Villes ass nach ëmmer onkloer. D'Police ass nach ëmmer op der Plaz fir Spueren ze sécheren an och ronderëm d'Gare vun Huntingdon bleiwen vill Stroossen gespaart.

D'Anti-Terror-Unitéit huet ermëttelt mä d'Police sot de Moien elo awer et géif näischt op eng Terrorattack hindeiten. Den Zuch gouf an der Stad Huntingdon gestoppt, arméiert Poliziste waren am Asaz, Dosende Rettungsween waren op der Plaz. E Fotograf vun der Noriichtenagence AFP huet gesinn, wéi Leit an Nout-Decken agewéckelt ewechgefouert goufen. En Zeien huet der Zeitung „The Times“ gesot, hien hätt e Mann mat engem grousse Messer an „iwwerall Blutt“ gesinn. Reesender hätte sech an den Toiletten agespaart.

De Bedreiwer "London North Eastern Railway" (LNER) huet matgedeelt, datt de ganze Verkéier um Netz wéinst dem Asaz agestallt gouf. D’LNER fiert Strecken am Oste vu Groussbritannien an a Schottland, mat Arrêten ënner anerem zu London, Cambridge, York an Edinburgh.

De Premier Starmer huet vun engem „schreckleche“ Virfall geschwat: "Meng Gedanke sinn bei allen Betraffenen, a mäi Merci geet un d’Rettungsdéngschter fir hiren Asaz“, huet hien um Online-Déngscht X erkläert.

Der brittescher Regierung no ass d’Zuel u Messerugrëffer an England a Wales zënter 2011 stänneg geklommen. De Starmer huet an deem Zesummenhang vun enger "nationaler Kris“ geschwat. Am Kader vun de Beméiunge vu senger Regierung, d’Messer-Kriminalitéit bannent zéng Joer ëm d’Hallschent ze reduzéieren, goufen an England a Wales dem Inneministère no bal 60.000 Messere "séchergestallt oder ofginn". D’Droen vun engem Messer an der Ëffentlechkeet ka mat bis zu véier Joer Prisong bestrooft ginn. D’Zuel vun den déidleche Messerugrëffer ass der Regierung no d’lescht Joer ëm 18 Prozent zeréckgaangen.

Ufanks Oktober hat eng Persoun mat engem Messer virun enger Synagog zu Manchester e Mann ëmbruecht. E weidere Mann gouf duerch e verfeelte Schoss vun der Police ëm d'Liewe bruecht. D’brittesch Autoritéiten hunn den Ugrëff als „terroristesch“ agestuuft.