A Bulgarien sinn duerch Iwwerschwemmungen op d'mannst 14 Mënschen ëm d'Liewe komm. Elleng an der Stad Warna goufen zéng Doudesaffer registréiert.

Entspanung an den Héichwaasser Regiounen a Bulgarien. D'Waasserpeegel hu sech gréisstendeels normaliséiert.

Elo geet et ëm d'Opraumen a Botzen. Betraff waren och d'Touristen Destinatiounen um Schwaarze Mier Warna an Albena.

Experten no, brauch Bulgarien eng 7,5 Milliounen Euro op mannst fir déi Infrastrukturen nees op ze bauen, déi beschiedegt goufen an d'Land erhofft sech dofir eng finanziell Hëllef vun der EU Kommissioun.