Vun eise belschen Nopere koum e Freidegowend déi traureg Noriicht, datt d'Kinnigin Fabiola gestuerwen ass. D'Begriefnis ass den 12. Dezember.

D'Kinnigin ass e Freideg am Alter vu 86 Joer am Château du Stuyvenberg bei Bréissel gestuerwen. Dat huet de belsche Palais  matgedeelt. D'Mass ass e Freiden an der Kathedral Saints-Michel-et-Gudule zu Bréissel. D'belsch Populatioun kritt de Mëttwoch an den Donneschden d'Méiglechkeet, der beléifter Kinnigin am Palais zu Bréissel eng leschte Kéier Äddi ze soen. D'Kinnekskoppel huet iwwerdeems alleguerten hier Rendezvous'en fir di aner Woch ofgesot. Vun dësem Samschdeg u gëllt eng Woch laang Staatstrauer an der Belsch.

D'Kinnigin Fabiola ass 1960 mam Kinnik Baudouin bestuet ginn a gouf domadder déi fënneft Kinnigin vun de Belsch. 1993 ass hire Mann, mat deem si ni Kanner hat, gestuerwen. Dono huet de Brudder vum Baudouin, den Albert II., den Troun iwwerholl an d'Kinnigin Fabiola ass ëmmer méi an den Hannergrond getrueden.

RTL

D'Fabiola war d'Schwéiesch vun der Grousshäerzogin Josephine Charlotte an d'Tatta vum Grand-Duc Henri esou wéi vum aktuelle belsche Kinnek Philippe.

De leschten ëffentlechen Optrëtt hat d'Kinnigin Fabiola, déi aus enger adeleger spuenescher Famill staamt, den 31. Juli 2013, um 20. Joresdag vum Doud vun hirem Mann. Fir dës Optrëtter, an deene si an de leschte Joren ëmmer méi dacks am Rollstull souz, huet hir ëmmer méi d'Kraaft gefeelt.

RTL

De belsche Premier Charles Michel huet e Freideg an engem Communiqué dee sozialen a kulturellen Engagement vun der Kinnigin fir d'Belsch ervirgehuewen. Et hätt een eng grouss Kinnigin verluer, esou de Charles Michel, déi d'Bild vun der Belsch international markéiert huet.

De Groussherzog Henri huet via Telegramm säi Bäileed ausgedréckt

De Grand-Duc Henri huet dem Kinnek Philippe an engem Telegramm e Samschdeg de Mëtten am Numm vum Lëtzebuerger Vollek säi Bäileed ausgeschwat. Et wäert een d'Kinnigin Fabiola a gudder Erënnerung behalen. Si hätt ëmmer alles fir hire Mann an hiert Vollek gemaach. Et misst ee sech ee Beispill un hirer Liewesfreed an hirem Enthusiasmus huelen.

« Sire,

C'est avec grande émotion que la Grande-Duchesse et moi-même avons appris la nouvelle de la disparition de la Reine Fabiola.

Avec mon père, notre famille et nos compatriotes nous Vous exprimons nos très sincères condoléances. Nous garderons un souvenir ému et reconnaissant d'une Reine qui a mis toutes ses qualités d'esprit et de cœur au service du règne de son époux et du bien-être de ses concitoyens. Sa joie de vivre et son enthousiasme communicatifs ont toujours été un exemple pour nous.

Henri

Grand-Duc de Luxembourg »

D'Ierfschaft vun der Kinnegin Fabiola geet un defavoriséiert Leit an der Belsch

Wéi de "Le Soir" mellt, geet déi komplett Ierfschaft vun der Kinnegin un d'asbl "Oeuvres de la reine", déi 1960 no der Hochzäit vum Fabiola a Boudouin an d'Liewe geruff gouf. D'asbl huet als Zil defavoriséiert Leit ze ënnerstëtzen, grad wéi de Jonken ze hëllefen sech méi einfach an der Gesellschaft integréieren ze kënnen.

De belsche Palais huet déi Informatioun bestätegt, ouni awer weider Detailler ze ginn, well et sech ëm eng privat Ugeleeënheet géif handelen.