"Je suis Charlie": Lëtzebuerg mécht mat
Nom bluddege Massaker mat 12 Doudegen zu Paräis ginn et op ganz ville Plaze Solidaritéitsmanifestatiounen. Um 11.30 Auer war eng an der Stad.
12 Doudeger an 11 Blesséierter, 4 dovu schwéier - dat ass den traurege Bilan vun enger grujeleger Attack um Mëttwoch géint 11.30 Auer op d'Redaktioun vun der franséischer Satirezäitschrëft Charlie Hebdo. 2 bewaffnete Männer haten d'Gebai gestiermt an an der Redaktiounskonferenz ganz geziilt op Leit geschoss.
Op ganz ville Plaze hunn d'Leit doropshin hir Solidaritéit mat den Affer gewisen. A Frankräich gouf et ganz vill Rassemblementen an och zu Lëtzebuerg sinn um Mëttwoch den Owend um Krautmaart, virum Bistrot de la presse, Leit zesummekomm, fir gemeinsam ze traueren. D'Gedenkminutt stoung ënnert dem Motto: Envie de pleurer et de gerber. De rendre hommage aux victimes de l'attentat contre Charlie Hebdo ce matin. De résister. De continuer à vivre.
Eng weider Manif war um Donneschdeg de Moien um 11.30 Auer: eng Gedenkminutt op der Clairefontainesplaz an der Stad. 24 Stonnen no der Dot. Den Appel ass vum Conseil de Presse komm an eng ganz Partie Leit vun aneren Associatiounen hunn sech ugeschloss, dorënner ënnert anerem och de Premier a Medieminister Xavier Bettel an de Jean-Luc Karleskind, Vizepresident vun der moslimescher Shura zu Lëtzebuerg. Jidderee war opgeruff, mat enger Gedenkminutt un déi verstuerwe Journalisten, Karikaturisten a Policebeamten ze denken.
Via E-Mail war et um Mëttwoch dësen Opruff:
L'attaque-massacre à Charlie Hebdo est une attaque contre la liberté de presse, la liberté d'expression et la démocratie. Elle nous concerne tous, citoyens de France et d'ailleurs, et provoque notre réaction indignée et unanime. C'est une attaque contre la liberté de pensée et donc une attaque contre chacun de nous. Résistons! Nous vous appelons à rejoindre l'action du Conseil de Presse le jeudi 8 janvier 2015 à 11.30 heures sur la Place Clairefontaine: "Je suis CHARLIE".
Messaoud Atrous - Sergio Ferreira - Claude Frisoni - Jean-Luc Karleskind - Serge Kollwelter - David Pereira - Gilbert Pregno - Jean-Louis Schlesser - Driss Toularmine - Raymond Weber - Frank Wies - Mounia Zerktouni - Laura Zuccoli

Am Ufank vun der Manif huet de President vum Lëtzebuerger Presserot, de Roger Infalt, den vun den 12 Doudesaffer opgezielt.
De Premier Xavier Bettel huet vun enger feiger a barbarescher Attack geschwat an huet ënnerstrach, datt extrem Gruppe kee Gehéier dierfte fannen.
Den Historiker Denis Scuto huet Parallelen zu aneren Attentater gezunn.
D'Leit op der Clairefontainesplaz wollte sech all solidaresch weisen an en Zeeche setzen.
Um 12 Auer dann war eng offiziell Gedenkminutt a Frankräich.
De Slogan "Je suis Charlie" ass iwwerdeems an de leschten Deeg regelrecht ëm d'Welt gaangen. Twitter huet elo matgedeelt, datt deen Hashtag méi wéi 3 an eng hallef Millioune mol benotzt gouf.
D'Affer
Le Monde huet an der Nuecht op den Donneschdeg d'Nimm vun den 12 Affer publizéiert:
- Frédéric Boisseau, agent d'entretien
- Franck Brinsolaro, brigadier au service de la protection
- Jean Cabut, dit Cabu, dessinateur
- Elsa Cayat, psychanalyste et chroniqueuse
- Stéphane Charbonnier, dit Charb, dessinateur
- Philippe Honoré, dit Honoré, dessinateur
- Bernard Maris, économiste et chroniqueur
- Ahmed Merabet, agent de police
- Mustapha Ourrad, correcteur
- Michel Renaud, ancien directeur de cabinet du maire de Clermont
- Bernard Verlhac, dit Tignous, dessinateur
- Georges Wolinski, dessinateur
RTL Radio Lëtzebuerg Reportage: Cabu, Wolinski, Charb an Tignous
Geschockt
Den Terrorakt huet weltwäit Entsetzen ausgeléist, op ganz ville Plaze si Leit um Mëttwoch den Owend spontan zesummekomm, fir un d'Affer ze denken a fir en Zeechen ze setze fir d'Fräiheet a géint den Terror. Méi wéi 100.000 Leit, 35.000 eleng op der Place de la République zu Paräis, hu sech spontan zesummefonnt.
A villen europäesche Stied waren Dausende vu Leit op de Been.
D'Attack op Charlie Hebdo ass déi bluddegst Dot vun Terroristen zanter 1961 a Frankräich; deemools koume bei engem Zuchattentat virum Hannergrond vum Algerien-Krich 28 Leit ëm.

De Grand-Duc Henri huet dem franséische President um Donneschdeg den Owend kondoléiert:
Monsieur le Président,
C’est avec une très grande émotion que la Grande-Duchesse et moi-même avons appris la nouvelle du terrible attentat au siège de « Charlie Hebdo ».
Dans ces circonstances effroyables, il me tient à coeur de vous exprimer au nom de tous mes compatriotes et en mon nom personnel notre profonde compassion et notre solidarité.
Nos pensées vont en particulier aux familles des victimes et aux blessés.
Henri
Grand-Duc de Luxembourg

Titelen aus der internationaler Press um Donneschdeg.
Presserevue
D'Press, virop déi franséischsproocheg natierlech, ass um Donneschdeg de Moie voller Respekt a Matgefill fir d'Schicksal vun de Mataarbechter Charlie Hebdo. Vill Unë si schwaarz, respektiv schwaarz-wäiss gehal. Mat dacks dem ähnlechen Text awer och mat Karikaturen.

"Nous sommes tous Charlie" schreift d'Libération.
"La liberté assasinée" titelt de Figaro.
Les Echos rifft dozou op "à se dresser face à la barbarie" an d'Equipe mengt mat enger Karikatur, datt et am Match "Liberté-Barbarie 0-12" steet.
De Monde fält iwwregens ganz aus der Roll. Erstaunlech ass et schonn, mä d'Zeitung konnt d'Evenementer an der Pabeierversioun net couvréiere well se schonn e Mëttwoch de Mëtteg erauskomm ass.
De belsche Soir dogéint zitt mat enger schwaarz-wäisser Karikatur de battere Fazit "Morts de rire".
Reaktioun op Twitter vum Canard enchaîné
Reaktiounen: Zeen vun den Zeechner déif betraff
De Comitée vum Schutz vun de Journalisten huet d'Attentat schaarf kritiséiert. Dat wier matten am Häerz vun Europa eng Attack op d'Pressefräiheet, sou de Vizepresident vun der Organisatioun zu New York. D'Ausmooss vun der Gewalt wier horrible. D'Journaliste misste lo mat enger Stëmm schwätzen. De Message wier kloer, sou Attentater verbidden eis net de Mond, sou de Robert Mahoney.

Ganz beréiert ass de BD-Scénarist Lucien Czuga, deen d’Texter fir d’Karikature vum Roger Leiner schreift. Hien huet zwou emblematesch Figure kannt, nämlech de Wolinski an de Cabu, déi och bei den Attacken ëm d’Liewe komm sinn.
De Lucien Czuga mengt awer net, dass dëst Attentat d’Enn vun Charlie Hebdo bedeit.
De Jacques Drescher vum Feierkrop ass schockéiert iwwert dat wat zu Paräis geschitt ass. En huet d'Zeechner aus der Redaktioun vun Charlie Hebdo net perséinlech kannt, huet awer scho mat hinnen zesummegeschafft.