Den 29. Abrëll 1945 geet en trauregt Kapitel aus der Nazi-Herrschaft op en Enn: Den 29. Abrëll 1945 befreien d'Amerikaner d'Konzentratiounslager zu Dachau.

Duerch de Film "Der Neunte Tag", deen dem Lëtzebuerger Geeschtlechen Jean Bernard seng Dachauer Memoirë cinematographesch deklinéiert, ass déi nordwestlech vu München geleeën "Schoul vun der Gewalt" bis an eis haiteg Zäit Synonym fir den NS-Terror.

1933 - also nach am selwechte Joer, wéi den Hitler un d'Muecht komm ass - ass dat Gefangenelager amenagéiert ginn. Während 12 Joer fonctionnéiert Dachau, wou net manner wéi 200.000 Leit inhaftéiert goufen. Eigentlech waren d'Baracke just fir 5.000 Persoune gebaut. Mam Ausbroch vum Zweete Weltkrich klammen Zuele vun de politesche Gefaangenen zu Dachau. Iwwer 40.000 Männer a Fraen sinn zu Dachau an hiren Annexen gestuerwen.

RTL

Och vill Lëtzebuerger waren am KZ zu Dachau, dorënner 16 Geeschtlech aus dem Grand-Duché. / © KZ-Gedenkstätte Dachau

Am KZ war och dee sougenanntenen "Pfarrerblock", wou Geeschtlech wéi de Jean Origer, Direkter vun Saint-Paul, oder och de Mgr Jean Bernard ënnerbruecht waren. Ënnert deenen 2.720 Paschtéier ware 16 Geeschtlech aus dem Grand-Duché - sechs vun hinnen sollten Dachau net iwwerliewen. Deen éischte Lëtzebuerger Paschtouer gouf am Mee 1941 an dee leschten am Hierscht 1944 op Dachau deportéiert.

Iwwert d'Alldagsliewen am KZ Dachau schreift schonns 1945 den Mgr Jean Bernard a sengem Feuilleton "Dachau - Tagebuch eines Häftlings":

In den letzten Tagen des Märzmonates (1942) ging die Nachricht um, 17 Luxemburger , « Polizisten » seien eingeliefert worden. Sie hätten den Eid auf den Führer verweigert. Sie würden im Lager als Soldaten behandelt, dürften lange Haare tragen und hätten irgendwie Sonderregime. Bei der Kleiderabgabe sei bei jedem ein Rosenkranz gefunden worden. Es dauerte eine ganze Weile, bis wir Gelegenheit fanden, die Neuankömmlinge zu begrüßen. Unsere Soldaten durften nur einmal im Jahr nachhause schreiben. Wir entwickelten daher ein System von geheimen Abmachungen, die es gestatteten, über unseren eigenen vierzehntägigen Briefwechsel Nachrichten von und für die neuen Freude an deren Angehörige zu vermitteln. Ihrerseits halfen uns die Jungen unter Ausnutzung gewisser Vergünstigungen über manche Hungerstunde hinweg.

Zu Dachau ass et och déi eenzeg Kéier, datt an engem KZ ee Gefaangenen - heemlech - zum Priister geweit gëtt. En inhaftéierte Bëschof aus Frankräich, de Mgr Piguet vu Clermont-Ferrand, weit den däitschen Diakon Karl Leisner zum Priister. Ënnert de Gratulante sinn och Paschtéier aus Lëtzebuerg. Dat war am Dezember 1944. 4 Méint méi spéit gëtt Dachau befreit. De Karl Leisner schreift :

Die weiße Fahne auf Kommandantur. Was wird geschehen? Um 5.30 Uhr die ersten amerikanischen Soldaten: Riesiger Jubel im Lager, Freudenausbrüche bis an die Grenzen des Möglichen. Eine Stimmung, unbeschreiblich. In zehn Minuten flattern die Fahnen der befreiten Nationen. Herrlich! Ich bin überglücklich.

Mä laang kann de Leisner d'Fräiheet net genéissen. Geschwächt duerch 5 Joer KZ stierft hien am August 1945.

RTL

De Feind knéit virum Feind: Priisterwei am KZ Dachau – De Kënschtler Bert Gerresheim huet weist a sengem « Portal der Versöhnung », wéi de franséische Bëschof Piguet den däitschen Diakon Karl Leisner zu Dachau zum Priister weit. / © Marc Jeck

Viru genee 50 Joer, am Joer 1965, sinn déi fréier KZ-Baracken als "lieu de mémoire" vum Comité international de Dachau opgaangen - fir d'Gedenken un dëse Site waakreg ze halen. All Joer besichen eng 800.000 Visiteuren d'Anlage vun Dachau. En Dokumentatiounszentrum iwwert d'NS-Zäit gëtt en erschreckenden Abléck an den Alldag vun Dachau.

www.kz-gedenkstaette-dachau.de

RTL

En Abléck an d'Schoul vun der Gewalt: Dachau ass Synonym fir NS-Terror vun 1933 an 1945. / © KZ-Gedenkstätte Dachau