D'Geriicht vun Eskisehir huet e Student zu 3 Joer festem Prisong veruerteelt, well dëse seng eege Kaz schlëmm gequält huet.

An der Tierkei ass et fir déi éischt Kéier, datt e Geriicht e Schëllegen zu festem Prisong wéinst Déierequälerei veruerteelt. Well d'Dot esou schlëmm wär, hätten d'Riichter eng haart Strof festgeluecht, déi net an e Strofgeld kéint ëmgewandelt ginn.

Den 21 Joer alen Tierk hat säin Hausdéier béiss gepéngegt an e Video vu senger Dot am Internet gedeelt. Hien huet seng Schold zouginn a vu schwéiere psychologesche Problemer als Ausléiser geschwat.