En interne Pabeier vun der Police ass elo public. Dem Spiegel an der Bild-Zeitung läit de Rapport vum Asaz vum Polizist vir, deen den Asaz geleet huet.

De Staat war net méi Här a Meeschter vun der Situatioun. D'Police huet souguer Doudeger gefaart, an den zoustännege Polizist nennt d'Situatioun „chaotesch“ a fir sech ze schummen. Den zoustännege Polizist huet de Rapport de 4. Januar geschriwwen. Hie schreift vun e puer dausend Persounen, gréisstendeels Männer, déi virun der Haaptgare zu Köln an der Domtreppe waren.

Frae mat Begleedung oder ouni hätten e richtegen „Spießrutenlauf“ duerch Gruppe vu staark alkoholiséierte Männer matgemaach, deen ee bal net kéint beschreiwen. Et wären der ze vill zum selwechten Ament op enger Plaz gewiescht. Déi ganz Mass vu Männer virun der Gare zu Köln an am Gebai hätt sech duerch d'Polizisten och net beandrocke gelooss.

D'Polizisten hätte sech missen ëm vill Leit bekëmmeren, déi gekrasch hunn a ganz matgeholl waren, haaptsächlech Fraen a Meedercher. Déi hätte vu Kläppereien, Déifställ a sexuellen Iwwergrëff erzielt. Als Täter wieren ëmmer nees männlech Migrante-Gruppe genannt ginn.

Et hätt een net allen Affer hëllefe kënnen, dat huet d'Poliziste frustréiert. Mat Momenter wär et och net méiglech gewiescht, all d'Plainten opzehuelen.

Am Rapport stinn och e puer Beispiller vu konkrete Saachen, déi d'Polizisten erlieft hunn. De Spiegel nennt där e puer: D'Beamte hätten deels deenen, déi no Hëllef geruff hunn, net kënnen hëllefen, well d'Mënschemass si dru gehënnert huet.

Ee Mann gëtt zitéiert: Ech si Syrer, Dir musst frëndlech mat mer sinn! D'Madame Merkel huet mech invitéiert.

Zeie goufe menacéiert, wéi se Täter genannt hunn.

Mënschen hunn dem Rapport no, virun den Ae vun de Polizisten Openthaltsgenehmegungen zerrappt, gegrinst a gesot: Dir hutt mer näischt ze soen, muer ginn ech mer eng neie sichen.

Ob et richteg Dokumenter gewiescht wieren oder wat genee, geet aus dem Rapport net ervir.

Et goufe och sougenannt „Platzverweise“ gesprach, mä déi goufen ignoréiert. Widderholungstäter hätt een net kënne festhuele, well een net déi néideg Capacitéite gehat hätt.

D'Situatioun, déi den Auteur vum Protokoll „Chaos“ nennt, wär därmoossen ausser Kontroll geroden, datt mat serieuxe Blessuren a souguer Doudegen ze rechne gewiescht wier. Poliziste wäre mat Knupperten attackéiert ginn a mat Fläsche beworf ginn.

De Resumé, deen den zoustännege Polizist a sengem Rapport zitt, ass ganz negativ. Sou eng Respektlosegkeet vis-à-vis vun deem, wat d'Polizisten ënnerholl hunn, hätt hien a sengen 29 Joeren am Déngscht nach ni erlieft.

Den Asaz huet vu Véirel vir 10 owes bis Neijooschdag moies um hallwer 8 gedauert. D'Poliziste wäre ganz séier un hir Limitte komm. D'Haaptgrënn dofir wieren ze wéineg Personal a Schwächte bei der Ausrüstung.

D'Zuel vun de Plainten an der Silvesternuecht zu Köln ass an der Tëschenzäit iwwregens op 121 geklommen. D'Enquêteuren hu bis ewell 16 Verdächteger identifizéiert, sot de Moien e Spriecher vun der Police. Déi meescht Verdächteg wären zwar nach net mam Numm bekannt, mä ganz däitlech op Fotoen a Video z'erkennen. Bei engem Véirel vun den Doten, déi gemellt goufen, hunn d'Affer uginn, och sexuell aggresséiert ginn ze sinn.

"Wie mengt, sech iwwert Gesetzer ewech setzen ze kënnen, muss bestrooft ginn", sou den SPD-Politiker. Egal wou en hir kënnt. E Rapatriement och während der Asylprozedur wier duerchaus méiglech, mengt de Maas. Elo awer misste fir d'éischt emol d'Doten opgekläert, an d'Auteuren ermëttelt ginn.

Iwwerdeems wiisst den Drock op de Chef vun der Police zu Köln: Et wier dat no den Hogesa-Krawallen am Hierscht 2014 an dem Skandal ronderëm d'Kölner SEK schonn déi drëtt Affäre fir den Wolfgang Albers bannent net mol annerhallwem Joer. Den däitschen Inneminister De Maizière hat en Dënschdeg d'Police schaarf kritiséiert. Den Albers awer denkt net un e Récktrëtt. "Grad elo ginn ech méi gebraucht wéi soss", gëtt de "Polizei-President" an de Medien zitéiert.

Den Image vun der Stad huet op alle Fall schonns gelidden: Dem "Kölner Stadt-Anzeiger" no, hätte schonns eng Partie Touristen hir Rees op Köln annulléiert. Zitéiert gëtt an deem Kontext ee Responsable vun "Köln Tourismus".

Och 8 Fraen aus der Regioun Tréier waren op der Plaz an hunn elo Plainte gemaach.