Dausende Mënschen hunn e Samschden uechter Europa nees géint déi geplangten Fräihandelsaccorden mat den USA a Kanada demonstréiert.

D'Regierunge kéinten hir Populatiounen net weider ignoréieren, sot d'Anti-Globaliséierungs-Bewegung Attac. Déi gréissten Demonstratioune waren zu Madrid, Warschau, Paräis a Lyon.

Ceta, d'Ofkommes mat Kanada, soll jo schonn Enn dës Mounts ënnerschriwwe ginn.