Am Quartier Forest goufen um Dënschdeg den Owend kuerz virun 20 Auer an engem Supermarché 30 Leit vun engem arméierte Mann als Geisel geholl.

De Mann hat e Messer bäi sech an d'Leit, déi am Supermarché an der Chaussée d'Alsemberg zu Forest waren, als Geisel geholl.
De Geiselen, déi tëscht 15 an 30 Joer al waren, ass näischt geschitt. Spezialunitéite ware bannent kierzter Zäit op der Plaz. Eng knapp véierel Stonn duerno huet sech dee verdächtege Mann vun der Police ouni Widderstand festhuele gelooss.

Iwwert den Hannergrond vun der Dot ass nach näischt gewosst. Belsch Medie spekuléieren, dass et sech ëm e mëssgléckten Iwwerfall gehandelt huet. D'Autoritéiten hu betount, dass d'Dot net terroristesch motivéiert war. D'Police wëll sech am Laf vum Mëttwoch dozou äusseren.

Beim schëllegen Jonken handelt et sech wuel em de Fils vum 2. Schäffe vu Forest. Wéi de sozialistesche Politiker en Dënschden den Owend während enger Conseilssëtzung sot, wier scho méi laang gewosst, datt ee vu senge 4 Kanner psychesch Problemer hat.