E Samschden de Mëtteg schonn um 16.15 Auer ass zu Idar-Oberstein an Däitschland e Lëtzebuerger ULM erofgefall.

Kuerz virun der Landung an der Äifel ass e Flillek aus nach net gekläerte Grënn ofgebrach. De Pilot konnt nach den Nout-Fallschierm opmaachen an ass schlussendlech an engem héije Bam gelant. Dem 49 Joer ale Lëtzebuerg ass awer näischt geschitt.

De Sportpilot war mat 3 anere Fligere vu Frankräich aus fortgeflunn. D'Männer wollten zu Idar-Oberstein lande fir iessen ze goen. D'Enquêteure vun der däitscher Fluchsécherung sinn eréischt spéit Owes op der Onglécksplaz ukomm. Well et schonn däischter war, hu si eréischt am Laf vum Sonnde mat hirer Aarbecht konnten ufänken.