Griichenland
Athen geet am Schnéi ënner
Griicheland: Äiseg Zäiten fir Flüchtlingen a Griichen
A Griicheland maache Schnéi an äiseg Temperaturen deene ville Flüchtlingen ma och de Griichen zollitt ze schafen.
Um Méindeg den Owend huet et zu Athen ugefaangen, mat schneien. D'Akropolis läit ënnert enger décker Schnéidecken.
Donieft sinn eng sëllechen Dierfer an och Inselen no dem ville Schnéi zanter zwee Deeg vun der Aussewelt ofgeschnidden.
Op ville Plazen ass d'Stroumversuergung zesummegebrach, eng sëlleche Stéit hu kee Waasser an och keng Heizung, well d'Pompelen net méi ginn oder Waasserréier zougefruer sinn. A wäiten Deeler vum Land hunn d'Kanner keng Schoul.
Op der Insel Euböa louch de Schnéi bis zu 3 Meter héich. Op Kreta goufen an der Nuecht op en Dënschdeg Minus 15 Grad gemooss.
Am meeschte gelies