Abrëllsgeck: Di Schoulstonnen, déi am Dezember wéinst dem Schnéi ausgefall sinn, ginn net op Päischtdënschdeg nogeholl.

Hei d'News déi mir um Freideg de Moien op eiser Antenne duerchginn hunn:

Wéinst deem ville Schnéi am Dezember war direkt op zwee Deeg d'Schoul ausgefall.

Den 9. Dezember war et eng Decisioun, déi an allerleschter Minutt, moies kuerz no halwer siwen eréischt geholl ginn ass an déi nawell zollitt fir Diskussioune gesuergt hat. Nëmmen eng déck Woch méi spéit, freides, de 17. Dezember war nach emol e ganze Schouldag wéinst massivem Neischnéi ausgefall, dat war awer donneschdesowes relativ fréi annoncéiert ginn.

RTL huet elo eng intern Note zougespillt gëtt, déi an den nächsten Deeg un d'Gemengen, d'Lycéeën an d'Enseignante goe soll an an där ze liese steet, dass d'Schoulstonnen, déi wéinst dem Schnéichaos am Dezember ausgefall sinn, mussen nogeholl ginn an dat esou wuel an der Grondschoul, am Enseigement secondaire an an de Beruffsschoulen. D'Educatiounsministesch Mady Delvaux-Stehres huet eis confirméiert, dass esou eng Décisioun an der Maach wier, awer nach muss zu Pabéier bruecht ginn. Detailer wollt si dofir och nach keng matdeelen.

Am Communiqué, deen RTL ewell virläit, steet ze liesen, dass als eenzegen Datum, deen a Fro kënnt an op deem een d'Schoulstonnen nohuele kann, de Päischtdënschdeg ass. Eng Decisioun, déi et dem Léierpersonal nach erlabe soll, och sënnvoll ze schaffen, well et matten an engem Trimester ass an d'Schüler esou nach mat der Matière, déi se deen Dag léiere, schaffe kënnen.

Kee Versteesdemech zu Iechternach

Den Iechternacher Buergermeeschter Theo Thiry weess nach näischt vun dëser Decisioun, iwwert déi och d'Léierpersonal eréischt an den nächsten Deeg informéiert gëtt. Hien huet sech awer elo just an enger éischter Reaktioun alles aneschters ewéi begeeschtert gewisen, zemools, well d'Sprangprëssessioun viru kuerzem de Status vun engem UNESCO-Weltkulturierwe krut.

Den Iechternacher Buergermeeschter Theo Thiry wëll natierlech an den nächsten Deeg a Wochen nach all d'Hiewelen a Beweegung setzen, fir Päischtdënschdeg schoulfräi ze halen an et esou ville Leit ewéi méiglech z'erlaben, op d'Sprangprëssessioun ze kommen.