De Lëtzebuerger Parquet ass am Gaangen ze préiwen, wéi eng Lienen tëscht dem Iwwerfall an der Stad an dem Tëschefall op engem franséische Peage bestinn.

Et gëtt nei Elementer, wat den Iwwerfall en Dënschdeg de Moien op d'Bijouterie an der Philippes-Gaass ugeet.

A franséische Medien - zum Beispill op leprogres.fr an op 20minutzes.fr - ass ze liesen, datt et an der Nuecht op e Mëttwoch op engem Peage bei Lyon, méi genee zu Limas bei Villefranche-sur-Saône, eng Schéisserei gouf.

D'Police hätt e Grupp vu 6 Leit interpelléiert, dës hätten dunn ënnert anerem mat Kalaschnikowwe geschoss. Dat Ganzt war ëm 3 Auer e Mëttwoch de Moien.

Bei engem éischte Versuch d'Täter festzehuelen, wären dës nach fortkomm a se hätten an der Uertschaft Villefranche-sur-Saône eng Famill als Geisel geholl. Si sollen d'Famill awer net menacéiert hunn, ma hir direkt gesot hunn, datt hir näischt géing geschéien.

Kuerz drop konnte 4 vun de 6 Leit gepëtzt ginn, 2 dovun hate sech och nach blesséiert. 2 anerer konnte sech duerch d'Bascht maachen. D'Sourcë si sech awer net eens, wat déi genee Zuel vu Brigangen ugeet ...

Der franséischer Press no handelt et sech dobäi ëm déi presuméiert Auteure vum Iwwerfall op d'Bijouterie an der Stad en Dënschdeg, dat ass de Lëtzebuerger Parquet am Gaangen ze préiwen.

Weider heescht et an de franséische Medien, zu Lëtzebuerg wier fir eng Millioun Euro geklaut ginn.

Den éischte Fluchtauto soll RTL-Informatiounen no och an der Géigend vu Lyon geklaut gi sinn.

Verschidde vun den Täter sinn der Police scho bekannt a souzen, wéi et heescht, och schonn am Prisong. Si sollen all vu Rillieux-sur-Pape, engem Viruert vu Lyon, stamen.

Confirmatioun vum Parquet zu Lyon

De Parquet vu Lyon huet confirméiert, dass an der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch an der Géigend vu Villefranche-sur-Saône, 4 presuméiert Gangster festgeholl goufen, déi responsabel solle si fir den Iwwerfall op en Auerebuttek en Dënschdeg de Moien an der Stad.

Zwee Brigangen hätte kënnen an engem Haus interpelléiert ginn, wou si d'Awunner als Geisel geholl haten. Et huet sech ëm eng Koppel an hir 4 Kanner gehandelt. Wéi et heescht, wier awer kengem eppes geschitt. Déi zwee Männer vun 29 an 22 Joer, waren der Police scho méi laang bekannt a souzen och schonn e puer mol am Prisong, wéi et weider vum Parquet vu Lyon heescht.

E Mëttwoch war scho bekannt ginn, dass d'Police déi ganz Band scho méi laang am Viséier hat. e Mëttwoch de Moie fréi wollten d'Beamten e Grupp vu 6 Persounen op der Héicht vun engem Peage bei Lyon festhuelen, et koum zu enger Schéisserei an d'Gangster hu sech ewech gemaach. Kuerz drop konnte wéi gesot 4 Persoune festgeholl ginn, déi aner zwee si geflücht. D'Police konnt awer alles recuperéieren, wat d'Brigangen den Dag virdrun aus dem Auerebuttek matgoe gelooss haten. Franséisch Medie mellen, dass si fir eng Millioun Euro geklaut haten.

Vun der Lëtzebuerger Justiz krute mir confirméiert, dass déi néideg Iwwerpréiwungen den Ament géife lafen. A ce stade kéint een awer nach keng weider Informatiounen erausginn.

Arrestations de plusieurs personnes susceptibles d'avoir un lien avec un vol à main armée hier à Luxembourg (21.03.2018)

Communiqué par : Parquet de Luxembourg

La police judiciaire de Lyon vient d'arrêter plusieurs personnes qui sont susceptibles d'avoir un lien avec le vol à main armée commis hier à Luxembourg-Ville (rue Philippe II).

Les autorités judiciaires luxembourgeoises et françaises collaborent étroitement dans ce dossier, et des vérifications sont en cours pour établir si les personnes arrêtées en France sont effectivement les auteurs du braquage à Luxembourg.

Succès vu franséischer Police keen Zoufall

Felicitatiounen, mä och Verwonnerung, dat sinn d'Reaktiounen hei am Land iwwer de rapide Succès vun der franséischer Police. Déi hat jo ganz schëtzeg am Süde vu Frankräich d'Brigangen gepëtzt, déi eng Bijouterie an der Stad iwwerfall haten. An dee Succès war wuel keen Zoufall.

Virbestrooft – dat ass wuel d'Explikatioun firwat et esou séier gaang ass, déi 4 jonk Braqueuren ze verhaften.

AUDIO: Rapide Succès vu franséischer Police / Nico Graf

Wann ee sech awer freet, firwat et grad ESOU séier gaang ass – jo,da ginn d'Äntwerten dënn. Hei e pur Pisten: Et gouf jo Biller aus der Bijoutrie, wou d'Täter sech beweegt hunn. Hir Manéier kéint engem observateur averti eppes soen iwwer si. Dann natierlech hir Aart a Weis sech ze maskéieren. An anscheinend hunn déi an der Nervositéit och interessant Géigestänn an der Bijouterie gelooss. Et gëtt iwwert eng Mutz geschwat. An et gouf - koppeg genuch bei deene Masken - de Portrait-Robot vun engem jonke Mann – deen eng opfälleg gestréckte Mutz unhuet.

Wann dee Portrait präzis war – an dat war e wuel - jo, dann ass ee séier bei den Täter. Derbäi kënnt, datt déi jo mat vill Gedeessems Autoe gewiesselt hunn an och vun deenen Autoe gouf et Observatiounen a Beschreiwungen. En donkelgrénge BMW war do am Gespréich an esouguer en Detail vun enger Autos-Plack, en M war bekannt. An iergendwéi huet dat alles a Richtung Südfrankräich gewisen – an dat kéint dann explizéieren, firwat d' Police hinnen op engem Peage oplauere konnt.

Entscheedend kéint do awer nach eppes anescht sinn. Am franséische Radio France3 Rhône Alpes hunn eis Kollege gesot, d'Police vu Lyon hätt déi virbestroofte Borschten schonn zanter zwee Méint observéiert an eben de Verdacht gehat, déi géifen e Coup preparéieren. Soll dat de Fall sinn, da stellt sech eng interessant Fro, nämlech déi, firwat si de Braqueuren iwwerhaapt erlaabt hunn, schwéier arméiert aus dem Süde vu Frankräich an Direktioun Norden ze fueren, fir hei an der Stad d'Bijouterie ze iwwerfalen. Vläit gëtt et do nach Detailer ze klären tëscht de Police-Corpsen aus dem Grand-Duché an der France. Well d'Gangstere ware jo keng kamoud, a sollt sech erausstellen, datt d'Fransousen nëmmen dowéinst rapid waren, fir se um Wee an de Süden ze pëtzen, well se wossten, wat déi jonk Männer am Norden – also hei am Land – wëlles haten – dat wier da net esou gutt.