Méi Plaz am Portemonni: D'Zentralbanken zéien déi kleng Cent-Mënzen aus dem Verkéier, well de Präis vum Koffer esou héich ass ... war natierlech een Joke!

Ganz séier haten d'Utilisateuren et spatz ... verzeit eis dofir w.e.g., datt mir verschidde Commentairen eréischt mat 1 oder 2 Stonne Retard online gesat hunn. Eis News um 1. Abrëll iwwert den Äddi vun deene klenge Cent-Mënzen war an der Tat just een Abrëllsgeck. A wéi een un den tonne Comments gesäit, verstinn déi Allermeescht jo och Spaass! Nach ee schéine Sonndeg gewënscht, hei drënner eise "Witz" fir den 1. Abrëll:

D'Nouvelle kënnt net ganz iwwerraschend, et gouf schliisslech vu ville Leit vun Ufank un, also zanter der Aféierung vum Euro, gefuerdert: Déi kleng Cent-Mënze verschwannen deemnächst aus eise Portemonnaien.

10 Joer hu mer eis elo domatter geplot an den 1. Oktober ass et an deene meeschte Länner eriwwer mam Geräbbels.

Betraff sinn d'Mënze vun 1, 2 a 5 Cent, also all déi aus Koffer. An déi heescht et elo ëmtauschen. Den Tosch leeft iwwer 6 Méint, deemno vun haut un. D'Zentralbank huet dofir speziell Tute gemaach.

RTL

Bei der Zentral-Bank dierften sech geschwënn d'Rouleaue mat de Cent-Mënze stapelen ...

Natierlech geet et drëm, fir manner Mënz am Portemonnaie ze hunn, fir d'Saach méi einfach ze maachen, mä wéi eise Finanzexpert Claude Schettgen erkläert, ass méi dohannert. Wann Dir regelméisseg seng Chronik op RTL Radio Lëtzebuerg lauschtert, wësst Dir mat Sécherheet, dass de Präis vum Koffer an der lescht immens an d'Luucht gaangen ass:

"Natierlech ass dat och fir d'EZB e gutt Geschäft, well si wäerten dat direkt aschmelze loossen a kréien dann de Maartpräis an dee läit däitlech iwwert dem Wäert vun den eenzelne Mënzen."

Eng gutt Affaire also, mä ass dat um Enn och eng gutt Saach fir de Konsument, ausser dass hien d'Täschen elo net méi voller Mënz huet?

"Do ginn d'Meenungen auserneen", seet de Claude Schettgen. "Natierlech kommen elo Sue bei d'EZB, ma d'Präisser dierften opgeronnt ginn, also den Teuro a senger zweeter Ronn."

Egal wéi ass et eng gutt Saach, fënnt de Finanzminister Luc Frieden, an dofir war Lëtzebuerg och eent vun den éischte Länner, wat prett war, fir matzemaachen an d'Cent-Mënzen anzesammelen.

Wéi geet dat elo konkret?

De Luc Frieden: "Mir wollten ee ganze einfache System hunn. D'Leit sollen hir Sue beienee leeën a mateneen, an engem Pak, aschécken oder areechen. Dofir fannen ech déi Iddi sympathesch, well d'Nofro grouss ass. Et ass en fait eng Mesure, déi hir Zil erreecht."

Beienee leeë jo mä ofgi kann een se just a speziellen Tute vun der Zentralbank. An déi kënnt Dir elo scho bestellen, och via Internet, well den Undrang am Ufank bestëmmt grouss ass. (De Link hei uewe riets.)

RTL

An Zukunft dierft dann e bëssi méi Plaz am Portemonni sinn, déi kleng brong Koffermënze falen ewech: 1, 2 a 5 Cent.