Abrëll, Abrëll ... de Poopst François kënnt leider net op Lëtzebuerg ... dat war den RTL-Abrëllsgeck vun dësem Joer.

Ganz séier haten d'Utilisateuren et spatz ... verzeit eis dofir w.e.g., datt mir verschidde Commentairë mat e puer Stonne Retard online gesat hunn. Eis News um 1. Abrëll iwwert de Besuch vum neie Poopst war effektiv just een Abrëllsgeck. A wéi een un den tonne Comments gesäit, verstinn déi Allermeescht jo och Spaass!

AUDIO: Abrëll Abrëll: Reaktioun vun de Leit bei der Kathedral.

RTL wënscht Iech nach e schéinen Ouschterméindeg!

Hei drënner nach emol fir no ze liesen eise "Witz" vum 1. Abrëll:

Héije Besuch zu Lëtzebuerg: de Poopst François kënnt de Weekend vum 8. a 9. Juni op Lëtzebuerg. Eng Iwwerraschung ... awer keen Zoufall!

Lëtzebuerg huet nämlech grad wéi d'Belsch (wou déi 2. offiziell Visite vum Poopst geplangt ass) ee ganz spezielle Statut an den Ae vum Vatikan. Et ass Iech bestëmmt opgefall wéi de Poopst de 19. Mäerz op der Péitersplaz introniséiert gouf: Eis Grande-Duchesse grad wéi d'Kinneginnen aus der Belsch a Spuenien hunn dierfe wäiss droen, an net schwaarz wéi aner adleg Damen. Nëmmen Ausgewielten hunn de „ privilège du blanc“. Dat geet op eng al Traditioun zréck a weist den enke Lien tëscht der kathoulescher Kierch an Monarchien déi sech och am Privatliewe besonnesch fir kathoulesch Prinzipien asetzen.

RTL

Dem Poopst seng éischt Auslandsrees fänkt deemno zu Lëtzebuerg un mat duerno der Belsch. De Chef vun der kathoulescher Kierch kënnt Samschdes den 8. Juni um Findel un. Deen Dag ass sou ze soen de private Volet mat Rezeptioun am Palais.

Sonndes de 9. Juni ass deen ëffentlechen Deel mat virop enger feierlecher Mass Moies um 10 Auer an der Kathedral. Fir den Äerzbëschof Monseigneur Jean-Claude Hollerich ass dem Poopst säi Choix pur Freed.

AUDIO: Den Ärzbeschof freet sech iwwert d'Visite vum Poopst

Gespaant kann een natierlech och sinn op de Message deen de Poopst an der feierlecher Mass Sonndes de 9. Juni gëtt.. De Monseigneur Hollerich huet do awer scho kloer Virstellungen.

AUDIO: Monseigneur Hollerich: Wéi wäert d'Zeremonie ausgesinn?

Am Mee 1985 hat de Poopst Jean-Paul II Holland, Lëtzebuerg an d'Belsch besicht. Deemools waren 3 grouss Massen am Freien zu Esch, um Glacis an zu Iechternach organiséiert ginn. Déi Kéier fält de Programm eng Nummer méi kleng aus ë. a. bedéngt duerch déi kuerz Virbereedungszäit, mä och de Protokoll vu Roum hält op eng schlicht Feier. Vir den Zeremoniemeeschter vum Äerzbëschof, den Abbé Jean-Pierre Reyners bleift no der Oktave nach e knappe Mount.

AUDIO: Poopst-Visite: Wéi wäert d'Mass ausgesinn?

Well d'Zuel vun de Platze limitéiert ass, … an nieft héichgestalten Perséinlechkeeten och op ausdréckleche Wonsch vum Poopst Franziskus e Maximum vu Gleewegen aus dem ganze Land bei der Mass mattfeire sollen, ginn um Méindeg um Parvis vun der Kathedral vun 9h30 éischt Aschreiwungen entgéint geholl. Vir de George Kemmer vum Sécherheetsdispositif ass et wichteg eng Identitéitskaart derbäi ze hunn.

AUDIO: Poopst-Visite: Wat sinn d'Sécherheetsdispositifen?

Well de Bistum sech erwaart dass d'Demande op déi 80 frei Sëtzplazen an der Kathedral grouss ass, soll een deemno fréi genuch u sinn. Rendez-vous vun 09h30 virun der Kathedral zum boulevard Roosevelt zou. Et kann een dat also gutt mat enger Visite op der Emaischen verbannen.

RTL

Virun der Kathedral kann ee sech vu 9h30 un umelle goen fir d'Visite vum Poopst.

AUDIO: De Poopst François kënnt op Lëtzebuerg
AUDIO: Poopst kënnt op Lëtzebuerg: Reaktioun vun de Leit.
Abrëllsgeck 2013
De Poopst François kënnt am Juni op Lëtzebuerg.