Abrëll, Abrëll ... Ganz séier haten d'Utilisateuren et spatz ... et gi keng Autoen am Aldringen versteet ... dat war den RTL-Abrëllsgeck vun dësem Joer.

AUDIO: Abrëllsgeck: Opléisung!

Hei drënner nach emol fir no ze liesen eise "Witz" vum 1. Abrëll:

Wéinst dem Projet Royal Hamilius gouf de Parking um Aldringen geraumt, fir ze renovéieren. 3 Autoe goufen net aus dem Parkhaus geholl a ginn elo versteet.

De Mammutprojet Royal Hamilius leeft op Héichtouren. Ronderëm den Aldringen soll d'Stad e ganz neit Gesiicht kréien.

Dowéinst gëtt d'Bus-Gare vum Juni un net méi genotzt, an och den ënnerierdesche Parking gëtt renovéiert, wann den alen Hamilius Tower bis ofgerappt ass, an ass doduerch net accessibel. Mä den Zäitplang konnt nëmme mat enger drastescher Mesure agehale ginn, wéi elo bekannt gouf.

Well am ënnerierdesche Parking stoungen nach 3 Autoen, déi net geréckelt gi waren. Dorënner de berühmte schwaarze Golf GTI, Baujoer 1986, dee scho jorelaang um zweete Sous-Sol viru sech hi stëpst a wou sech vill Leit am Laf vun der Zäit mat engem clevere Sproch oder enger Skizz um Capot oder op der Fënster veréiwegt hunn.

RTL

Rechtlech huet weder de Bedreiwer vum Parking nach d'Stad Lëtzebuerg eng Upak fir esou e Won ofschleefen ze loossen, well de Parking ëffentlech ass. De Besëtzer selwer misst e scho réckelen oder eng Prokuratioun ënnerschreiwen. Dat ass awer net geschitt, an theoretesch hätt de Projet Hamilius missten op Äis geluecht ginn. Mä d'Stater Buergermeeschtesch ass do formell.

D'Stader Gemengeresponsabel hunn d'Autobesëtzer doropshi kontaktéiert, an zwee vun hinnen hu sech och zréckgemellt. Mä déi kumuléiert Parkingsfraise wollt nawell kee bezuelen an den Auto enzwousch anescht parken och net. Dat war, rechtlech gesinn, eigentlech eng Sakgaass,
esou d'Lydie Polfer.

AUDIO: Lydie Polfer


D'Buergermeeschtesch hat kee Choix méi vis-à-vis vun den Autoen, déi net geréckelt ginn. D'Besëtzer goufen nämlech als eng Zort Ultima Ratio expropriéiert. Der Gemeng waren d'Hänn gebonnen, fir de Projet Royal Hamilius net onnéideg ze behënneren. D'Autoe ginn de Mëttwoch Moien offiziell ofgeschleeft an a provisoresche Garagen an den Avenuen Emile Reuter a Monterey ënnerbruecht.

Well schonn e Freideg, nach virun der Vakanz, sollen d'Ween versteet ginn. Iwwer eng Telefonsnummer kann ee sech am Virfeld fir d'Stee umellen, wou een dann eng Identifikatiounsnummer kritt. Dat ass néideg, well mat groussem Interessi gerechent gëtt. Am spéide Freideg Moie kommen souwuel den ale Golf GTI wéi och déi zwee méi nei Gefierer, e Ford Focus an en Honda Civic, ënnert den Hummer.

Den Erléis soll an e Fong fléissen, mat deem en Drëtt-Welt-Buttek finanzéiert gëtt, deen an de spéideren "Department Store" vum Royal Hamilius integréiert gëtt. Fir d'Stee kënnt dir iech direkt bei der Stad Lëtzebuerg umellen.

D'Nummer ass zanter en Dënschdeg fräigeschalt. Et ass den 26 68 47 46.