A propos « Mythos » Escher Jeunesse…

«you w’ll never walk and… remember alone»
Virun e pur Deeg hu mär de « cinquantenaire » vun dém sensationnellen Fussball’smatch gefeiert, bei dém eis Jeunesse Esch de 19. September 1973 op engem dach schon typesch killen Hierschtowend, dem F.C. Liverpool de Bass gehalen an dénen favoriséierten « Reds » alles ofverlangt hun! De Match ass bekanntlech mat engem 1:1 « remis » ausgang, an déi démols derbei waren, wessen ze behapten, dat dese net gestuehl war an én démno am volle Senn vum Wuert vun engen, im wahrsten Sinne des Wortes , ”Gleichspill” schwetzen kann, an dém déi Schwarzweiss op absolut gléichem Niveau wei déi roud gespillt hun!
50 Joer sin e langen Dag an et ass an der Zéit vill Wasser déi anzweschen e bessen méi propper Uelzecht erofgelaf, ma Erennerungen sin bei all dénen lieweg bliwen, déi démols um Terrain gespillt oder an enken Reihen ronderem stungen, à moins datt déi aktuell, heimtückesch schléichend Krankhét och sie an Zweschenzéit dé mémorablen Owend vergiessen gedoen haett…!?
An enger sougenannter «tribune libre» haten mär schon démols gleich duerno, an enger beschtens bekannten Grenzzeitung, eisem Enthousiasmus fréie Loof gelooss a mat berechtegtem Stolz drop higewisen datt eis Spiller, déi wuehl Profien op dem Gebitt vun der Eisen- a Stoolhirstellung waren, mais nemmen an hirer Fréizeit tescht hire Schichten als talentéiert Dilettanten navel gude « football » produzéiert hun, et färdeg bruecht haten déi englesch Berufsspiller ganzer 93 Minuten a schach ze halen,140’, wann én déi éischt Halschent vum « Match retour » mat aberechent, bei dém et no 45’ dohannen op der Anfieldroad nach emmer 0:0 stung, an dann déi nach knapp zwou weider bis zum verhängnisvolle Selbstgool noom engleschen «half-time tea» mat aberechent … ! Ma loosse mer eis net weider mat dénen «comptes d’épicier» ophalen a »basta», déi Jeunesse do war einfach quelq’un(e), et war eng schein Zéit, an dat vléit och nach derbéi, ma net nemmen, well eis eegen »jeunesse» an déi vun eise Frenn aus de Junioren sech mat der deemols glorreicher vun der Grenz gekréizt an zu engem markanten Dél iwerschnidden huet… !
Dass de Mythos Jeunesse awer eréischt esou richteg mat dem Match géint Liverpool op der Grenz an dem Retourspill dohannen an England ugefang hätt, wéi den André Zwally bei der emouvanter Éeierung vun dénen « Aalen » am Interview mat dem Frend Guy Weber um Terrain gemengt huet, kann a muss én, mengen ech, wéi all Vertrieder, op Spiller oder Supporter vun der Generatioun virdrun, awer e beschen déitlech anescht gesin… ! Et ass falsch, an och schon e beschen dreist ze mengen, e Mythos géiw eréischt am Moment vun engem, sengem égenen perséinlechen Erliewniss entstohen, esou androcksvoll a stark dat subjektivt Empfannen och dierft beim blutjonken Spiller gewiescht sin !
« il ne faut pas ignorer ses classiques » … wei de Fransous ganz richteg sét !
Do mussen mär hien, dén démols eréischt 17 jähregen talentéierten Youngsterspiller, an nach anerer drun erenneren, dat se, wann se nach net selwer derbei konnte sin, nemmen am Buch vum Centenaire nozeschloen respektiv hir Virfahren ze froen bréichten, fir do de Beweis ze kréien, dat spéitsdens no dénen historesch-bravurösen Konfrontatiounen géint de Real Madrid, de 4. November 1959 am Stadion an duerno am Bernabeu, de Mythos vun der Escher Jeunesse schon längst bestaanen huet ! An dobei sollten mär d’Victoiren am Virfeld géint Göteborg, a virun allem dei mat 5:0 geint IKS Lodz net vergiessen, déi eis erlabt hat 1 Tour weider ze kommen fir iwerhapt géint de Real untrieden ze dierfen.
An da gouw et scho véier Joer méi spéit, den 21. November 1963, um Stade Emile Mayrisch, op dén deen «bianco-neri » wéinst Arbechten op hirem eegenen Terrain hun auswéichen missen, op ee neits e Bommeresultat, a nach besser wei e “match nul”, an zwar eng sensationell victoire mat 2:1 vun der Jeunesse géint Profien vu Partizan Belgrad, mat scho Spiller, wéi René Hoffmann, Pit Langer a Fino Da Grava an der Équipe. Virdrun hat Jeunesse sech schon géint Finnen vun Valkeakosken Haka fir Achtelsfinalen qualifizéiert an dobéi am Retourmatch zu Esch e Reckstand vun net manner wéi 3 Gooler opgehool, wat bis dato nach kén Team an Europa färdegbruet hat, wéi déi auslännesch Fachpress dest och ze schreiwen an unzeerkennen wuesst! No engem Intervall, mat quasi dém selwechten Ofstand vun 10 Joer, sollt et dann, den 19. September 1973, zu dém berühmten «draw» géint Liverpool kommen.
Von wegen also d’Entstoen vum «Jeunesse- Mythos » angeblech eréischt vun dém Dag un…! Do kann én schon vill éischter suwuehl vun enger Konfirmatioun wéi enger Kontinuitéit schwetzen, wat Performancen an de progessiven Prestige an d’Unerkennung vun der Jeunesse op der internationaler europäischer Szene ubelangt! Mat der Jeunesse hat d’Land, wéi démols enner eis zu recht gesoot gouw “op manst e würdegen Vertriéder am Europacup” !
A wann och di jonk Fousball’s-Experten(innen) vun haut eis wéinst eiser chron-Escher Nostalgie wuehl e beschen belächelen, an dat well sie sech noutgedrongen nemmen un dém faden Trauerspill orientéieren können, wat hautgesdags de Weekend iwer vun all dénen ontreien oportunisteschen « Austauschspiller », mat dénen é sech séier schlecht identifizéieren kann, bei eis gebueden gett, da sollen sie wessen, dat mir sie eiserseits och bedaueren an sie eis leed din, dass sie leider net Chance haten déi héich emotional, wonnerschein authentesch Momenter an bleiwend Andreck mat eis können ze deelen, déi eis virun net all ze langer Zeit gegönnt waren, souwuehl mat der Jeunesse wéi mat der Nationaléquipe hautnoh matzeerliewen !
Guy van Hulle